Sophie Chotek

Vu Wikipedia
D'Sophie Herzogin vun Hohenberg, 1910.

D'Sophie Maria Josephine Albina Gräfin Chotek vu Chotkowa a Wognin, gebuer den 1. Mäerz 1868 zu Stuttgart a gestuerwen den 28. Juni 1914 zu Sarajevo), bestuet Fürstin vun Hohenberg (zanter 1909: Herzogin vun Hohenberg) war eng béimesch Adeleg, a Fra vum éisträicheschen Ierfprënz Franz Ferdinand. Si gouf mat him zesummen Affer vum Attentat vu Sarajevo, dat den Éischte Weltkrich ausgeléist huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Sophie war d'Duechter vum béimeschen Diplomat Bohuslaw Graf Chotek von Chotkow und Wognin a senger Fra Wilhelmine Gräfin Kinsky von Wchinitz und Tettau. Si war dat fënneft vun aacht Kanner.

Ëm 1896 huet si zu Prag op engem Bal de Äerzherzog Franz Ferdinand vun Éisträich kenne geléiert. Hir Bezéiung gouf bis 1899 geheim gehalen, well se hanner de Kulissen als net "standesgeméiss" ugesi gouf.

Si hu sech den 1. Juli 1900 zu Reichstadt bestuet. D'Bedingung war, datt d'Sophie fir sech an hir gemeinsam Kanner op den Troun huet misse verzichten. En Deel vun der Keeserfamill war net op der Hochzäitsfeier dobäi. D'Sophie krut vum Keeser Franz Joseph I. den Titel "Fürstin vun Hohenberg" iwwerdroen (1909 "Herzogin vun Hohenberg", si konnt vun do u mat Altesse ugeriet ginn).

Den 28. Juni 1914 sinn d'Sophie an de Franz Ferdinand zu Sarajevo bei engem Attentat vum serbeschen Nationalist Gavrilo Princip, dee Member vun der Schwaarzer Hand war, erschoss ginn. Dëst war leschtendlech den Ausléiser vum Ausbroch vum Éischte Weltkrich.

D'Koppel hat dräi Kanner:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wladimir Aichelburg: Erzherzog Franz Ferdinand von Österreich-Este und Artstetten (= Via imperialis). Verlagsbüro Johann Lehner, Wien 2000, ISBN 3-901749-18-7.
  • Erika Bestenreiner: Franz Ferdinand und Sophie von Hohenberg. Verbotene Liebe am Kaiserhof. Piper, München u. a. 2005, ISBN 3-492-24639-7.
  • Gordon Brook-Shepherd: Die Opfer von Sarajevo. Erzherzog Franz Ferdinand und Sophie von Chotek. Engelhorn-Verlag, Stuttgart 1988, ISBN 3-87203-037-X.
  • Friedrich Weissensteiner: Franz Ferdinand. Der verhinderte Herrscher. Zum 70. Jahrestag von Sarajewo (= Ein Österreich-Thema aus dem Bundesverlag). Österreichischer Bundesverlag, Wien 1983, ISBN 3-215-04828-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sophie Chotek von Chotkowa – Biller, Videoen oder Audiodateien