Franz Ferdinand vun Éisträich

Vu Wikipedia
Franz Ferdinand vun Éisträich
Gebuer 18. Dezember 1863
Graz
Gestuerwen 28. Juni 1914
Sarajevo
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Keesertum Éisträich
Aktivitéit Politiker
Famill
Bestuet mat Sophie Chotek
Geschwëster Elisabeth vun Habsburg-Loutrengen
De Franz Ferdinand (ëm 1914).

De Franz Ferdinand Carl Ludwig Joseph Maria vun Éisträich-Este, gebuer den 18. Dezember 1863 zu Graz a gestuerwen den 28. Juni 1914 zu Sarajevo, war éisträicheschen Äerzherzog an zanter 1896 Trounfollger vun Éisträich-Ungarn. D'Attentat vu Sarajevo, bei deem hien a seng Fra ëm d'Liewe koumen, gëllt als Ausléiser vum Éischte Weltkrich.

Hie war de Jong vum Karl Ludwig vun Éisträich, engem vun den dräi Bridder vum Keeser Franz Joseph I., an der Prinzessin Maria Annunziata vun Neapel-Sizilien. Wéi en aacht Joer hat, ass seng Mamm gestuerwen. Hie war enk mam Rudolf, dem Krounprënz vum Keeser befrënnt. Och zu senger Stéifmamm, der zweeter Fra vum Karl Ludwig, der Marie Therese vu Portugal huet hien eng enk Relatioun entwéckelt; si stoung och spéider zu him, wéi vill Familljememberen op Distanz zu him gounge wéinst sengem Bestietnes, dat se als net standesgeméiss empfonnt hunn.

De Franz Ferdinand war e fervente Jeeër; hien huet wärend sengem Liewen 274.889 Déieren erschoss, dorënner, op laange Weltreesen, vill exotesch Déiere wéi Tigeren, Léiwen oder Elefanten.

Vun 1878 un huet de Franz Ferdinand eng militäresch Ausbildung kritt. 1899 gouf hien zum Generol vun der Kavallerie ernannt; ausserdem war en och Admirol. Well en dacks krank war, huet säin Dokter en 1892 bis 1893 mat enger grousser Gefollegschaft op eng Weltrees duerch Indien, Indonesien, Australien, Japan, Kanada an Nordamerika geschéckt, déi offiziell als wëssenschaftlech Expeditioun deklaréiert gouf. Hien huet doriwwer e Buch geschriwwen (Tagebuch meiner Reise um die Erde, 1895). An de Wanteren 1895 an 1896 war en op Kuer, ë .a. an Egypten.

Nom Suizid vu sengem Koseng, dem Krounprënz Rudolf, den 30. Januar 1889, an dem Doud vu sengem Papp Karl Ludwig den 19. Mee 1896 war de Franz Ferdinand éisträichesch-ungareschen Trounfollger.

Den 1. Juli 1900 huet de Franz Ferdinand d'Sophie Gräfin Chotek, bestuet, déi duerch déi Hochzäit Fürstin vun Hohenberg (1909: Herzogin vun Hohenberg) gouf. Ville Membere vun der Habsburger Famill war si net standesgeméiss fir den Ierfprënz; si krut dofir net erlaabt, sech als „die künftige Kaiser-Gemahlin“ ze nennen, mä just „Gemahlin des künftigen Kaisers“, an hir Kanner sollten von Hohenberg heeschen, a keen Usproch op den Troun kënnen hunn. Eng Rëtsch vun hinne sinn och net op hir Hochzäitsfeier komm.

De Franz Ferdinand an d'Sophie vun Hohenberg krute véier Kanner:

Si hunn zu Wien am Schlass Belvedere gewunnt, hir Sumerresidenz war am Schlass Konopiště a Béimen.

Am Kader vu Visitë vu Mannöveren, déi doruechter gemaach goufen, ass de Franz Ferdinand a seng Fra am Juni 1914 a Bosnien-Herzegowina gefuer. Den 28. Juni 1914 hu si eng offiziell Visite an der Haaptstad Sarajevo gemaach. Do goufe se no Pläng vu Membere vun der Ënnergrondorganisatioun „Mlada Bosna“ (Jonkt Bosnien) an der serbescher Geheimorganisatioun Schwaarz Hand bei engem Attentat allen zwee vum 19 Joer ale Gavrilo Princip erschoss.

D'Kris, déi duerch dat Attentat entstanen ass, huet zu enger diplomatescher Kettereaktioun gefouert, déi e puer Wochen drop den Éischte Weltkrich ausgeléist huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wladimir Aichelburg. Sarajevo – das Attentat 28. Juni 1914: das Attentat auf Erzherzog Franz Ferdinand von Österreich. Österreichische Staatsdruckerei, Wien 1999, ISBN 3-7046-1386-X.
  • Erika Bestenreiner: Franz Ferdinand und Sophie von Hohenberg. Verbotene Liebe am Kaiserhof. Piper, München / Zürich 2004, ISBN 978-3-492-04514-8.
  • Gordon Brook-Shepherd: Die Opfer von Sarajevo. Erzherzog Franz Ferdinand und Sophie von Chotek. Engelhorn, Stuttgart 1988, ISBN 3-87203-037-X.
  • Beate Hammond: Habsburgs größte Liebesgeschichte. Franz Ferdinand und Sophie. Ueberreuter, Wien 2001, ISBN 3-8000-3794-7.
  • Hertha Pauli: Das Geheimnis von Sarajevo. Zsolnay, Wien / Hamburg 1966; als TB: Bastei Lübbe 63026, Bergisch Gladbach 1978, ISBN 3-404-00886-3
  • Friedrich Weissensteiner: Franz Ferdinand, der verhinderte Herrscher. Kremayr & Scheriau, Wien / München / Zürich 2007, ISBN 978-3-218-00769-6.
  • Lucian O. Meysels: Die verhinderte Dynastie. Erzherzog Franz Ferdinand und das Haus Hohenberg. Molden, Wien 2000, ISBN 978-3-85485-051-9.
  • Justin Stagl (Hrsg.): Ein Erzherzog reist. Beiträge zu Franz Ferdinands Weltreise. Gesellschaft für Kultursoziologie, Eigenverlag der Gesellschaft für Kultursoziologie der Universität Salzburg, Salzburg 2001.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franz Ferdinand vun Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien