Dreifstoff

Vu Wikipedia

En Dreifstoff oder Kraaftstoff ass e Brennstoff, deem seng cheemesch Energie duerch Verbrennung, an thermesche Motore wéi Verbrennungsmotoren, Gasturbinnen, oder a Rakéitendreifwierker a mechanesch Energie ëmgewandelt gëtt.

Dreifstoffer ginn haaptsächlech fir den Undriff vu Fortbeweegungsmëttelen (Auto, Fliger, Schëff, Rakéit) gebraucht. Well si ëmmer musse matgefouert ginn, gi meeschtens Stoffer mat enger héijer Energiedicht agesat. Awer och stationär Verbrennungsmotore ginn dermat bedriwwen.

Bei der Verbrennung gëtt als Oxidater meeschtens Loft-Sauerstoff gebraucht, deels, virun allem bei Rakéiten, awer och en eegenen Oxidater wéi verflëssegte Sauerstoff, Laachgas oder Salpéitersaier.

Nomenklatur[änneren | Quelltext änneren]

D'Ofgrenzung vum Begrëff Kraaftstoff zum Begrëff Dreifstoff ass net duerchgängeg eenheetlech gereegelt:

  • Als Kraaftstoff gëtt normalerweis e Stoff bezeechent, dee fir eng direkt Verbrennung an enger Verbrennungskraaftmaschinn benotzt gëtt. Besonnesch gängeg ass de Begrëff am Beräich vun der Kraaftgefiertechnik.
  • Als Dreifstoff gëtt normalerweis e Stoff bezeechent, dee fir den Undriff vun engem Fortbeweegungsmëttel, méi rar och enger stationärer Maschinn, gebraucht gëtt. Besonnesch gängeg ass de Begrëff Dreifstoff am Beräich vun der Schëfffaart an der Loft- a Raumfaart.

Net als Kraaftstoff bezeechent ginn normalerweis Stoffer, déi zwar als Energiedréier fir en Undriff déngen, bei deenen awer keng cheemesch Energie fräigesat gëtt, z. B. Waasser fir eng Waasserturbin oder Uran fir de Kärreakter vun engem Nuklearundriff.

Aarte vu Kraaft- resp. Dreifstoffer[änneren | Quelltext änneren]

Flësseg[änneren | Quelltext änneren]

Gasfërmeg[änneren | Quelltext änneren]

Fest[änneren | Quelltext änneren]

Methode fir d'Hierstelle vu Kraaftstoffer[änneren | Quelltext änneren]

Verglach vu Kraaftstoffer[änneren | Quelltext änneren]

D'Reechwäit vun engem Gefier gëtt nieft dem Wierkungsgrad vu sengen Aggregaten ë. a. de Volume vum Tank an déi dodra gespäichert Energie bestëmmt. De physikalesche Verglach vun den Hëtzwäerter (kWh pro m³) weist, datt flësseg Dreifstoffer optimal sinn. Bei Gasen hänkt den Energiegehalt staark vum Drock of.

Numm Aggregatzoustand Dicht an
kg/m³
Heizwäert a
kWh/kg
Heizwäert pro
Volumeneenheeten
Waasserstoff gasfërmeg (Normaldrock)   0,09 37,0   0003,33,3 kWh/m³
Waasserstoff gasfërmeg (20 MPa) 37,0   0530530 kWh/m³
Waasserstoff flësseg (-253 °C) 67,8 37,0   23602360 kWh/m³
Äerdgas H-Gas (CNG/GNV) gasfërmeg (Normaldrock)   0,81 13,0   0010,510,5 kWh/m³
Äerdgas L-Gas (CNG/GNV) gasfërmeg (Normaldrock)   0,82 11,3   0009,39,3 kWh/m³
Äerdgas gasfërmeg (20 MPa) 12,0   25802580 kWh/m³
Autogas („Flësseggas”) flësseg 540   12,8   69666966 kWh/m³
Superbensin flësseg 740   12,0   87608760 kWh/m³
Methanol flësseg 787     6,11 48004800 kWh/m³
Ethanol flësseg 789     7,44 59005900 kWh/m³
Bensinn-Benzol-Gemësch flësseg 796   11,6   93009300 kWh/m³
Diesel flësseg 833   11,8   98009800 kWh/m³
Benzol flësseg 880   11,1   97609760 kWh/m³
Planzenueleg flësseg 920   10,0   92009200 kWh/m³[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DIN 51605 – Rapsuelegkraaftstoff“