Vittorio Emanuele II. vun Italien

Vu Wikipedia
Vittorio Emanuele II. vun Italien
Gebuertsnumm Vittorio Emanuele Maria Alberto Eugenio Ferdinando Tommaso di Savoia
Gebuer 14. Mäerz 1820
Turin
Gestuerwen 9. Januar 1878
Roum
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Politiker, Monarch
Famill
Kanner Umberto I. vun Italien
De Vittorio Emanuele II.

De Vittorio Emanuele II., mam ganzen Numm Vittorio Emanuele Maria Alberto Eugenio Ferdinando Tommaso di Savoia, gebuer de 14. Mäerz 1820 am Palazzo Carignano zu Turin a gestuerwen den 9. Januar 1878 zu Roum, war vum 17. Mäerz 1861 bis zu sengem Doud Kinnek vun Italien.

Hie koum aus dem Haus Savoie a war vun 1849 bis 1861 Kinnek vu Sardinien-Piemont.

Zesumme mat sengem Premierminister Camillo Benso von Cavour stoung hien un der Spëtzt vun der Eenheetsbeweegung an Italien, dem sougenannte Risorgimento, déi zu der Bildung vun engem italieeneschen Nationalstaat gefouert huet. Hie war dann och den éischte Kinnek vun Italien.

Säi Jong Umberto (1844-1900) gouf säin Nofollger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vittorio Emanuele II of Italy – Biller, Videoen oder Audiodateien