Haupeschkierch zu Blaaschent

Vu Wikipedia
Kierch vu Blaaschent
Parkierch vu Blaaschent (2014)

Parkierch vu Blaaschent (2014)
Parkierch vu Blaaschent (2014)
Uertschaft / Plaz Blaaschent
Par Miersch Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Baujoer 1. Kierch 1843
Neibau 1939
Koordinaten 49° 42’ 14.3’’ N
      06° 10’ 08.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Haupeschkierch zu Blaaschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Miersch Saint-François am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Luerenzweiler gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

Si steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft net wäit vum CR125. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 5. Mäerz 2021 gouf s'als Nationaalt Kulturierwe klasséiert.[1]


Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem Blaaschent 1844 vun der Par Luerenzweiler ofgespléckt gouf ass et mat Eesebuer an Aasselscheier eng eege Par ginn. Bis dohi stoung am Duerf eng al Kapell, déi schonn 1570 ernimmt gouf. D'Kierch, déi dem hellegen Haupert geweit ass, gouf 1843 gebaut.

Déi dräi Barockaltär hunn aus der Ouljener Kierch gestaamt. D'Mëttelstéck vum Héichaltor mat Dréitabernakel gouf 1866 agebaut a koum aus dem Redemptoristeklouschter.

1938 huet e Feier d'Kierch vu Blaaschent komplett zerstéiert soudatt eng nei huet misse gebaut ginn. Zu dësem Neibau ass den 19. Mäerz 1939 de Grondstee geluecht ginn.

D'Pläng ware vum Architekt Jean Deitz. Et huet, ë. a. wéinst dem Zweete Weltkrich, bis an de Mee 1970 gedauert bis se vum Bëschof Léon Lommel geweit konnt ginn.

Zur fréierer Par Blaaschent huet ausser der Parkierch vu Blaaschent och nach d'Lukaskapell vun Eesebuer gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haupeschkierch zu Blaaschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).