Oxydativ Phosphoryléierung

Vu Wikipedia

Déi oxydativ Phosphoryléierung ass e Stoffwiesselwee dee sech an de Mitochondrien ofspillt an deem säin Zil d'Produktioun vun ATP ass, duerch d'Oxydéiere vun NADH, H+ an FADH2 déi z. B. aus der Glykolys, dem Zitratzyklus oder der β-Oxydatioun kommen.

Schema vun der oxydativer PPhosphoryléierung

Otmungs- oder Elektronentransferketten[änneren | Quelltext änneren]

An enger éischter Phas, der Otmungsketten, ginn déi reduzéiert Nukleotiden NADH, H+ an FADH2 hir Elektronen un de Sauerstoff of. Dësen Transfer geschitt net an enger Kéier mä duerch 3 Komplexer (I, III a IV) an der Membran déi d'Elektronen iwwer mobil Elektronentransportere (Q a c) weiderginn un de leschten Akzepter, den atmosphäresche Sauerstoff dee sou zu Waasser reduzéiert gëtt, weiderginn. Bei all Schrëtt gëtt vill Energie fräigesat, déi benotzt gëtt fir e Protonegradient tëscht dem intermembranéise Raum an der Matrix vun de Mitochondrien opzebauen.

De Komplex II ass d'Succinatdehydrogenas aus dem Zitratzyklus déi direkt reduzéirt Koenzym Q un d'Ootmungskette ginn.

ATP-Synthees[änneren | Quelltext änneren]

Den ATP gett aus ADP a Pi opgebaut, mat Hëllef vum Komplexe V aus der Bannemembran. Dës ATPsynthas besteet aus 2 Deeler: e Protonekanal duerch d'Membran an eng katalytesch Enheet déi an d'Matrix raagt. D'Protonen stréimen dem Gradient no duerch de Kanal an d'Matrix an dreiwen dobäi de katalyteschen Deel un den dann ATP produzéiert.