Silphium perfoliatum

Vu Wikipedia
Duerchwuesse Silphie
Duerchwuesse Silphie
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Gattung Silphium
Wëssenschaftlechen Numm
Silphium perfoliatum
L.

D'Duerchwuesse Silphie[1] (Silphium perfoliatum) ass eng Planz aus der Famill vun den Asteraceae, déi an Nordamerika heemesch ass. Et ass eng ausdauernd Planz déi all Joer blitt. Wéinst hirer grousser Produktioun vu Biomass ass geplangt si an der Landwirtschaft als Energieplanz ze kultivéieren.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerchwuesse Silphie ka bis 3 Meter grouss ginn. Hir Blieder si gezackt, ongedeelt, lanzettfërmeg, si sti géigestänneg um véierkantege Still a si behoert. Opfälleg sinn déi Blieder déi jee zu zwee um Still sëtzen a sou e klenge Becher formen, an deem sech Reewaasser an och Da sammelt. Am Englesche gëtt d'Planz duerfir och nach cup plant (Becherplanz) genannt. Déi Duerchwuesse Silphie kann hire Waasserproviant an Drécheperioden ausnotzen an ass sou un de Wuesstum op dréchene Standuerter ugepasst. D'Bléiekäpp si 6 bis 8 cm grouss a stinn eenzel op der Spëtzt vun hirem Still. D'Planze bléie vu Juli bis September. D'Bléiekäpp bestinn, wéi bei deene meeschten Asteraceeën, aus Rouer- an Zongebléien. D'Zongebléie si giel. An der Natur reproduzéiert d'Planz sech ausschliisslech iwwer de Som.

An der Landwirtschaft gi meeschtens, amplaz vum Som, kräfteg jong Planze gesat, dat well nom Séinen net all Somkäre keimen an doduerch en ze vill héijen Ausfall entsteet.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Jonk Durchwuesse Silphie

D'Duerchwuesse Silphie ass heemesch an de gemässegte Klimazone vun Nordamerika, wou s'am Oste vun den USA an a Kanada verbreet ass.

Notzen[änneren | Quelltext änneren]

Als Fudderplanz[änneren | Quelltext änneren]

An der Landwirtschaft gëtt s'als Fudderplanz kultivéiert a gëtt entweeder direkt oder als Silo verfiddert. Bei de Gäertner ass se wéinst hire grousse giele Bléiekäpp beléift. Fir d'Hausdéiere wéi d'Kanéngercher, d'Mierschwéngercher, d'Schof an d'Geesse gëtt se gewéinlech als Gréngfudder gebraucht. Vun de Beienziichter gëtt se gär als Liwwerant vun Nektar a Polle geséint.

D'Durchwuesse Silphie virum Bléien.
D'Planz mat Bléien

Als Energieplanz[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerchwuesse Silphie gëllt als potenziell Energieplanz. Si ass besonnesch interesant well si hir Fiichtegkeet net nëmmen, wéi z. B. de Mais, aus dem Buedem, mee och aus hire Blatbecheren zitt. Si kann also och op (relativ) dréchene Biedem kultivéiert ginn. Dobäi kënnt, datt si eng grouss Biomass produzéiert, déi en héije Rendement an der Produktioun vu Biogas garantéiert.

Vu Virdeel ass och, datt si ausdauernd wiisst a sou iwwer wéinstens 10 Joer ausgenotzt ka ginn (de Mais iwwer nëmmen ee Joer). Aner Virdeeler am Verglach mam Mais sinn datt d'Blieder de Buedem am Schiet halen, an duerfir vum zweete Joer u keng Herbizide méi néideg sinn; och gëtt d'Erosioun vum Buedem reduzéiert.

Déi Duerchwuesse Silphie zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

2015 gouf zu Lëtzebuerg déi Duerchwuesse Silphie fir d'éischt groussflächeg op engem Aker zu Houfelt geplanzt, deen dem Cliärrwer Beieveräin gehéiert. D'Silphie goufe mat der Hand vun enger Zalotesetzmaschinn aus gesat. Hir Bléie si geduecht fir d'Hunnegbeien an aner Insekte mat Nektar a Pollen ze beliwweren.[2]

Eng Blumm a Som

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Silphium perfoliatum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dëse Planzennumm ass eng Kreatioun vum Wikipedianer deen den Artikel ugeluecht huet. En ass aus dem Däitschen iwwersat.
  2. Lamberty, J., 2015. Cliärwwer Beieveräin startet beachtenswerten Feldversuch. Blühende Landschaft für Bienen. Nahe Hoffelt soll ertsmals die pollen- und nektarreiche durchwachsene Silphie blühen. Luxemburger Wort vum 2. Juni 2015, S. 24.