Skylab

Vu Wikipedia
Skylab
Skylab 1
Skylab 1
Missiounsemblem
Missiounsemblem Skylab 1
Missiounsemblem Skylab 1
Typ Raumstatioun
Land  USA
Agentur NASA
Missioun: Skylab 1
Crew: (dräi Ekippen zu jee dräi Astronauten)
Äerdëmdréiunge: 34.981
Mass iwwer 90 Tonne
Start 14. Mee 1973
Startplaz Cape Canaveral
Drorakéit Saturn V SA-513
Dauer: 6 Joer, 58 Deeg
Neesantrëtt 11. Juli 1979
vergloust iwwer: Australien

Skylab war den Numm fir déi éischt a bis elo eenzeg reng amerikanesch Weltraumstatioun sowéi d'Bezeechnung fir d'Raumfaartmissiounen an deem Zesummenhank.

De Plang[änneren | Quelltext änneren]

Nach wärend der Virbereedung vum Apollo-Programm goufe bei der NASA schonn Iwwerleeunge fir d'Zukunft vun der bemannter Raumfaart gemaach. Dofir gouf am August 1965 de Saturn/Apollo Applications Office gegrënnt. Deen hat d'Aufgab, no Benotzungsméiglechkeete fir d'Apollo-Hardware ze sichen. Et goufe fréier Virschléi opgegraff, fir eng Uewerstuf vun enger Saturn-Drorakéi zu enger Weltraumstatioun ëmzebauen a bis elo nach net agesat Apollo-Raumschëffer a Saturn-1B-Rakéiten fir Mannschaftstransport ze benotzen.

Schonn am Virfeld hat d'NASA nei Astronaute gesicht. Déi Kéier ware keng Testpilote gefrot, mä Wëssenschaftler. Den 28. Juni 1965 goufen d'Wëssenschaftsastronauten Owen Garriott, Edward Gibson, Duane E. Graveline, Joseph Kerwin, Frank C. Michel an Harrison Schmitt dem Publik virgestallt.

Am Géigesaz zum Apollo-Programm, dee kloer d'Moundlandung zum Zil hat, waren d'Ziler vum Apollo Application Programs éischter méi ongenee. Et goufe vill Virschléi entworf, déi d'Saturn-Rakéiten an d'Apollo-Raumschëffer als Grondlag haten. Den eenzege Projet awer, dee verwierklecht gouf, war eng Raumstatioun mat dräi Mann Besatzung déi d'Äerd sollt ëmkreesen. Ufanks sollt déi mat enger Saturn 1B starten an déi eidelgebrannt S-IVB-Uewerstuf an en ettleche Flich zu enger Raumstatioun zesummegebaut ginn (Konzept „wet workshop“). Et huet sech awer gewisen, datt dat Konzept ze opwenneg wier. Am Summer 1969 gouf dunn decidéiert, d'Raumstatioun um Buedem zesummenzebauen a mat enger Saturn V, bei där nëmmen déi béid ënnescht Stufe zum Undriff bäidroen, ze starten („dry workshop“). Dofir gouf d'Rakéit SA-513 benotzt, déi virdrun fir d'Apollo 18 virgesi war. D'Missioun Apollo 20 gouf am Januar 1970 aus dem Moundprogramm gestrach, well keng Saturn V méi zur Dispositioun stoung. Vum Februar 1970 un gouf den Numm Skylab offiziell fir d'Raumstatioun benotzt.

D'Firma McDonnell Douglas hat 1970 zwee Exemplare fir d'Raumstatioun gebaut. Dat eent war fir den Training, an dat anert war d'Fluchstatioun. Et gouf Iwwerleeungen, den Trainingsmodell als Skylab B och an de Weltraum ze bréngen, wat awer aus finanzielle Grënn verworf gi war.

Den Opbau vum Skylab[änneren | Quelltext änneren]

Den Opbau vum Skylab

De Weltraumlaboratoire Skylab bestoung haaptsächlech aus der zweeter Stuf vun der Saturn-1-B-Rakéit AS-212 (identesch mat der drëtter Stuf vun enger Saturn V), déi schonn op der Äerd mat Reserven an Ausrëschtung beluede gouf. Fir de Start goufen also nëmmen zwou Stufe vun enger Saturn V gebraucht. Dat war den éischten an zugläich leschte Start vun enger Saturn V an där Konfiguratioun, well bis zu deem Zäitpunkt war dee Rakéitentyp nëmme fir Apollo-Raumschëffer benotzt ginn. Deen Deel vun der Statioun war den Orbital Workshop (OWS). Hien huet 35,8 t gewien. D'Crew huet am Waasserstofftank mat engem notzbare Volume vun 275 m³ gewunnt a geschafft. Am Sauerstofftank gouf eng Schleis agebaut a e gouf als Offalltank benotzt. Am OWS waren d'Ausrëschtungen, all d'Iessreserven, déi ganz Waasserreserven an d'Drocktanke fir den Dreifstoff fir Lagreegelung. Nieft de Wunn-, Schlof- a Sanitätsraim goufen hei och Experimenter duerchgefouert, virun allem Äerdobservatioune duerch eng Fënster a medizinesch Ënnersich. Den OWS hat zwou kleng Schleise fir Experimenter op där der Sonn zou- an ofgedréiter Säit vun der Station; déi éischt gouf fir d'Reparatur vum Thermalschutz stänneg beluecht. Dat bewunnbart Volumen war dacks an Iess- a Rouzone souwéi individuell Schlofkabinnen ënnerdeelt, besonnesch mat gitteraartege Foussbieden, wou sech d'Astronaute mat spezielle Schong anhaken konnten. Duerch de groussen Duerchmiesser war e Volumen vun 280 m³ bewunnbar. Dëse Volumen gouf eréischt vun der Mir an hirer Ennausbaustuf iwwertraff.

Un den OWS huet sech den Instrumenterank vun der Saturn V ugeschloss, dee bäibehale gouf, fir Verännerunge un de Startanlage ze iwwergoen. Hien huet d'Drorakéi gesteiert an huet nom Start, wann de Skylab an der Ëmlafbunn ukoum war, d'Kontroll un déi intern Computer vum Skylab ofginn. Nom OWS koum déi 22 t schwéier Loftschleis, den Airlock Module (AM). Si hat eng Loftschleis fir erauszeklammen, huet den OWS vum Docking-Adapter ofgeriigelt, an hat d'Steierung vun den Teleskope an all Gase fir d'Statioun an Drocktanken. Hir Breet goung vu 6,7 op 3,04 m zeréck. Si hat eng Längt vu 5,2 m an en bannenzege Volumen vu 17,4 m³.

Da koum den zylinderfërmege Multiple Docking Adapter (MDA). Hie war 3,04 m breet, 5,2 m laang an hat eng Mass vu 6260 kg. Hien hat zwou Undockplaze fir Apollo-Kommandokapselen: eng radial an eng an der Verlängerung vun der Längsachs. Déi radial Undockplaz war fir eng Noutkapsel virgesinn, déi da gestart sollt ginn, wann en Zeréckkomme mat der éischter Kapsel net méiglech gewiescht wier, war awer funktionell gläichwäerteg mat der axialer Undockplaz.

Fir Sonnenobservatioun, déi e wichtegt Zil vu Skylab war, hat d'Raumstatioun och en Observatoire, den Apollo Telescope Mount (ATM), dat nom Erreeche vum Orbitan eng Positioun op der Säit an der MDA ausgefuer gouf. Säi Gewiicht war 11.066 kg, a war 6 m breet an 4,4 m héich. Seng Sonnenteleskope konnten op 2,5 Bousekonne genee ausgeriicht ginn. Gesteiert gouf et vum OWS, woubäi d'Filmer am Hader vun engem Baussebordmanöver (EVA) gewiesselt hu misse ginn. D'Energieversuergung war mat véier Solarmodullen um ATM an zwee weidere um Haaptmodul geplangt. Eleng d'Solarpanele vum ATM haten eng Spanwäit vun 31 m. Den ATM hat Komponente vun der Moundlandefähr (LM) benotzt an hat mat senge Drallrieder och déi komplett Statioun ausgeriicht.

Zum Schluss gouf et nach dat ugekoppelt Apollo-Raumschëff als Command and Service Module (CSM). Den CSM hat déi ganz Kommunikatioun mat der Äerd iwwerholl, well de Skylab, ofgesinn vu senger Bordtelemetrie, keen eegene Sender hat. Weider hu misste d'Liewenserhalungssystemer vum CSM eemol pro Mount mat Gas gerengescht ginn, wann d'Molekularsiffer vum Skylab ausgeheizt goufen. Den CSM war dofir en integrale Bestanddeel vun der Statioun.

D'Mass vun der Statioun war iwwer 90 Tonne schwéier. Am ganzen war de Skylab méi grouss wéi déi sowjetesch Raumstatioun Saljut 1, déi am Abrëll 1971 gestart gouf. Bei gënschtegem Sonnestand war de Skylab mat bloussem A als liichtende Punkt och um Daghimmel ze gesinn.

De Start vu Skylab 1[änneren | Quelltext änneren]

De Start vum Weltraumlaboratoire

De Start vun der éischter amerikanescher Raumstatioun sollt de 14. Mee 1973 vum Startkomplex 39-A zu Cape Canaveral erfollegen. De nächsten Dag sollt déi éischt Ekipp mat enger Saturn-1B-Rakéit vun der Startramp 39-B nofollegen. Déi dräi Ekippen hätten d'Missiounsbezeechnunge Skylab 2, Skylab 3 an Skylab 4 gedroen.

D'Saturn V SA-513, déi fir Skylab 1 benotzt soll ginn, war eppes méi kuerz wéi d'Modeller, déi fir d'Moundflich gebraucht gi waren. Si hat keng Rettungsrakéit, keen Apollo-Raumschëff a keen Adapter fir d'Moundlandefähr. Ausserdeem huet dës Rakéit nëmmen zwou Stufe benotzt. Amplaz vun der drëtter Stuf huet si d'Raumstatioun mat enger kegelfërmeger Verkleedung op der Spëtz transportéiert. Dëse Fluch war de leschte vun enger Saturn V.

Et war déi éischte Kéier, datt de Countdown vun zwou Saturn-Rakéite gläichzäiteg virbereet gouf. Änleches gouf et awer schonn am Dezember 1965, wou Gemini 7 an Gemini 6 noeneen gestart goufen.

D'Ëmlafbunn war mat enger Inklinatioun vu 50° sou gewielt, datt grouss Deeler vun den Äerdlandflächen iwwerflunn goufen.

Schued beim Start[änneren | Quelltext änneren]

Skylab, opgeholl vun der Skylab 4-Missiounsekipp den 8. Februar 1974. Ze erkennen ass, datt ee vun de béide primär Solarzellefligel feelt. De gëllene Sonneschierm gouf wärend de Missioune Skylab 2 an Skylab 3 als Reserve fir dat ofgerappte Hëtzeschutzschëld montéiert.

De Skylab 1 war wéi geplangt de 14. Mee 1973 gestart. Schonn 63 Sekonne nom Start krut d'Buedemstatioun alarméierend Telemetriesignaler. Anscheinend hat sech eng Verkleedung geléist, wouduerch ee vun de Solarmoduller an d'Meteoritte- an Thermalschutzschëld ofgerappt goufen. Spéider Ënnersich hu gewisen, datt de Feeler duerch schlecht Koordinatioun vun de Konstruktiounsofdeelunge entstane waren (kuckt Not-Invented-Here-Syndrom). D'Raumstatioun hat zwar déi geplangten Ëmlafbunn errrecht, war awer net funktiounsfäeg.

Zwar war et der Fluchleedung gelongen, déi véier Solarmoduller vum Solarobservatoire auszefueren, mä et gouf nach Problemer mat de béiden anere Modullen, sou datt nëmmen d'Hallschent vun der elektrescher Leeschtung zur Dispositioun stoung. Dat feelend Meteoritteschutzschëld hätt och als Wärmeschutz dénge sollen, wouduerch an der Statioun d'Temperatur staark eropgeklomm ass, sou datt gezweifelt gouf, datt Liewensmëttel, Medikamenter a Filmer futti an zerstéiert kéinte sinn.

Als éischt Reaktioun gouf de Start vun Skylab 2 verréckelt, bis een sech e kloert Bild vun der Situatioun konnt maachen. Ausserdeem huet d'Fluchleedung versicht, eng gënschteg Ausriichtung vum Skylab ze erreechen. Waren déi funktiounsfäheg Solarzellen der Sonn zougedréit, konnt zwar genuch Energie gewonne ginn, gläichzäiteg huet sech awer d'Statioun staark opgehëtzt. Huet een d'Statioun sou gedréit, datt d'Plaz mam feelende Schutzschëld am Schied louch, hunn och d'Solarzellen ze wéineg Leeschtung ofginn an de Luedstand vun de Batterien ass gefall. D'NASA-Ingenieure haten elo de Problem, Energiereserven, Dreifstoffreserven an Temperatur vun der Raumstatioun oprecht ze halen. Géif et net geléngen an e puer Deeg, d'Schied ze behiewen, wier d'Statioun verluer. Zwou Woche laang gouf d'Statioun sou gesteiert, wärend d'Skylab-2-Missioun virbereet gouf.

Et geloung den Ekippe wärend de Missioune Skylab 2 an Skylab 3, d'Schied ze reparéieren. D'Statioun war dono voll funktiounsfäeg.

Ekippen[änneren | Quelltext änneren]

Den Alan Bean wärend engem EVA

Dräi Ekippen aus jee dräi Astronaute haten am Ganzen 513 Deeg am Weltraum verbruecht. Well de Start vu Skylab als Missioun 1 gezielt gouf, fänken déi bemannt Missioune mat der Nummer 2 un:

Zu den Aufgabe vun den Ekipp huet ufanks d'Reparatur vun der beschiedegter Raumstatioun gezielt. Dono goufen Erkenntnesser iwwer d'Auswierkunge vum Laangzäitopenthalt an der Schwéierlosegkeet gewonnen. Ausserdeem stounge nieft Déiereversich mat Fësch a Spannen ëmfangräich Sonnen- an Äerdobservatioune souwéi Fotoe vum Koméit C/1973 E1 (Kohoutek) um Programm. Et hat sech och gewisen, datt de Verbrauch vun de Ressourcen wiesentlech méi kleng war wéi ufanks ugeholl. D'Crew huet vun den mam Skylab 1 gestartete Liewesmëttele, Waasser a Gase gelieft. Ufanks sollt déi zweet an drëtt Ekipp jee 56 Deeg an der Raumstatioun bleiwen. De niddrege Verbrauch hat den Openthalt vu 59 an 84 Deeg méiglech gemaach, woubäi déi lescht Ekipp d'Reserven eppes méi vergréissert hat a besonnesch zousätzlech Filmer matbruecht hat.

Ze bemierken ass, datt de Skylab keng Méiglechkeet hat, fir frésch opgefëllt ze ginn (duerch Betanken o. ä.), wat haut normal fir eng Raumstatioun ass. Een Deel vun de Ressourcë wieren allerdéngs, op d'mannst am Kader vun engem Baussebordasaz, ënner Benotzung vun deenen och op der Äerd benotzte Ventile ze remplacéiere gewiescht.

Wärend dem Betrib vu Skylab gouf eng Noutekipp a Bereetschaft gehalen, déi di primär Ekipp hätt rette kënnen (Skylab-Rettungsplang). Dofir stoung eng Apollo-Kapsel mat zwéi weidere Sëtzer ënner den originalen, souwéi eng weider Saturn IB zur Dispositioun. Et war virgesinn, datt de Vance Brand an den Don Lind bei de Skylab fléie konnten, fir hir Kolleegen zeréckzebréngen. Déi Missioun koum ni zum Asaz, béid Astronaute koumen awer spéider bei anere Missiounen zum Asaz.

Ofstuerz[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems dräi Ekippen d'Raumstatioun 28, 59 an 84 Deeg bewunnt haten, gouf si den 8. Februar 1974 mam Apollo-Raumschëff vu Skylab 4 an eng méi héich Ëmlafbunn gedréckt. U Bord blouf nach een Drëttel vun der ursprénglecher Waasserreserv vun 2720 l, Sauerstoff fir ronn 420 Deeg, an änlech Reserve vun anere Verbrauchsstoffer. No Berechnunge vun der NASA sollt Skylab nom Orbitwiessel nach néng weider Joren a Funktioun bleiwen. De Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär gouf op Mäerz 1983 geschat. Et gouf zu dësem Zäitpunkt nach geplangt, datt 1979 e Space Shuttle en Undriffsmodul um Skylab ukoppele kéint, fir de Weltraumlaboratoire nees a méi en héijen Orbit ze bréngen. Déi lescht Missioun gouf awer ofgesot.

Déi meescht Systemer vun der Raumstatioun goufen ofgeschalt an de Skylab huet d'Äerd ëmkreest a gouf en ettlech Joer ingnoréiert. Am Mäerz 1978 gouf de Kontakt zum Skylab nees opgeholl. Anscheinend huet d'Statioun onkontrolléiert mat enger Period vu sechs Minutte pro Ëmdréiung gedréit, an d'Funkinstrumenter hunn nëmme geschafft, wann d'Solarmoduller am Sonneliicht waren. No enger Woch geloung et, en ettlech Batterie ferngesteiert ze lueden. Den Zentralcomputer huet nach funktionéiert, d'Lagreegelung war awer duerch den Ausfall vun engem Stäresensor an dem Deelausfall vun engem vun den dräi Drallrieder ganz schlecht.

Et gouf och festgestallt, datt de Skylab ganz séier un Héicht verluer huet. Grond war déi duerch héich Sonnenaktivitéit onerwaart ausgedeent Héichatmosphär vun der Äerd an déi doduerch méi staark Ofbremsung. Et war och zu dësem Ament bekannt, datt de Space Shuttle net mat Zäite fäerdeg konnt ginn. Den 19. Dezember 1978 huet d'NASA bekannt ginn, datt de Skylab net ze retten ass, een awer alles maache géif, fir Ofstierzschied ze miniméieren. Heifir huet d'NASA enk mam Iwwerwaachungsamt North American Aerospace Defense Command (NORAD) zesummegeschafft. D'NASA an d'NORAD hunn ënnerschiddlech Berechnungsmethode fir de Neesantrëtt benotzt a koumen dofir op ënnerschiddlech Resultater fir Zäit a Plaz vum Opschlag. Offiziell goufen awer ëmmer d'NORAD-Resultater bekannt gemaach.


Den Ofstuerz war dunn den 11. Juli 1979. De leschten Orbit vum Skylab huet gréisstendeels iwwer Waasserfläche gefouert, an d'NASA hat de leschte Steierungskommando ginn, fir d'Geforenzon vun Nordamerika op den Atlantik oder an den Indeschen Ozean ze verlageren. Tatsächlech war d'Statioun eréischt méi spéit wéi berechent an ettlech Deeler zerbrach, sou datt d'Ofstuerzgebitt méi ëstlech wéi geplangt louch. Betraff war d'Géigend südëstlech vu Perth a West-Australien bei Balladonia, wou Deeler an de Mueresstonnen erofgoungen, ouni een ze verletzen.[1] Verschidden Deeler konnte gebuerge ginn, an d'USA bruecht an do identifizéiert ginn, nodeems d'NASA eng Belounnung fir den éischte Fond ginn hat. D'Administratioun vun der australescher Gemeng Esperance Shire haten der NASA wéinst onerlaabter Offallentsuergung e Boussgeldbescheed an der Héicht vu 400 Dollar zougeschéckt. D'NASA hat eng Bezuelung ofgeleent; awer 2009 gouf d'Boussgeld vun enger US-Radiostatioun beglach.

Déi komplett Missioun hat ronn 2,6 Milliarden US-Dollar kascht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Déi follgend NASA-Bicher (all op englesch) sinn online zougänglech:

Außerdem auf den Seiten des NASA History Office:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Skylab – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) Richard D. Lyons: Skylab Debris Hits Sea and Australia; No Harm Reported. New York Times, 12. Juli 1979, gekuckt de 24. Dezember 2009.