École des hautes études commerciales de Paris

Vu Wikipedia
École des hautes études commerciales de Paris
Land Frankräich
Schülerzuel 5.453
  2023
Ënnersteet der/dem Université Paris-Saclay
Gegrënnt 4. Dezember 1881
Genannt no Paräis
Um Spaweck https://www.hec.edu

D'HEC Paris ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, Jouy-en-Josas an Doha[1].

2021 gouf d'HEC am Ranking vun der Financial Times bescht European Business Schools gewielt[2].

De Master am Management vun der HEC war fir d'Financial Times 2015 dee weltwäit beschten. Den Executive MBA vun der HEC beleet am internationale Ranking vun där Zeitung déi 3. Plaz[3].

Der Schoul hiren MEB ass änlech wéi e Vollzäit-MBA mä zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus. 2017[4] huet d'Schoul den Executive Master in Innovation & Entrepreneurship an Zesummenaarbecht mat Coursera opgemaach[5]. De Programm ass 100 % online.[6]

D'HEC huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise.

D'Programmer vun der HEC sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB[7].

Méi wéi 60.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de lëtzebuergesche Manager, Marc Assa.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)HEC Paris: de Jouy-en-Josas à Doha
  2. (en)European Business School Rankings 2021
  3. (en)Executive MBA Ranking 2015
  4. HEC lance un programme diplômant 100 % en ligne
  5. Executive MSc & MSc in Innovation and Entrepreneurship
  6. Exclusif. HEC se lance dans un diplôme... 100 % en ligne
  7. (en)Triple accredited business schools (AACSB, AMBA, EQUIS)