Fabricius (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Moundkrater Fabricius
De Moundkrater Fabricius (Mëtt uewen) an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet - 42,79° S
Längt 41,82° O
Duerchmiesser 78,9 km
Déift 2500 m[1]
Selenographesch Längt 319° bei Sonnenopgank
Genannt nom David Fabricius
(1564−1617)
Genannt am Joer 1935

De Fabricius ass en Aschlagkrater am Süde vun der viischter Moundsäit. Hie läit nërdlech vum grousse Krater Janssen, deem säi Rampli deelweis iwwerdeckt gëtt, a südwestlech vum Krater Metius. Am Nordoste leeft de grousse Mounddall Vallis Rheita.

De Krater ass nëmmen e bëssi erodéiert, huet awer Terrassen um bannenzege Rampli an en Zentralbierg.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 44,66° S, 44,4° O7 55 km [1]
B 43,58° S, 44,84° O7 17 km [2]
J 45,83° S, 45,03° O7 16 km [3]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom ostfrieseschen Astronom David Fabricius genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Georges Viscardy: Atlas-guide photographique de la lune: ouvrage de référence à haute résolution. Masson, Paris 1985, ISBN 2-225-81090-7