ASIMO

Vu Wikipedia
Den ASIMO um "Science Festival 2005"

ASIMO ass en humanoide Roboter, dee vun Honda entwéckelt a gebaut gouf. Et ass deen éischte Roboter, deen no vir an no hannen, Träppleken erop- an erof-, an ëm den Eck goe kann.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

ASIMO ass en Akronym fir Advanced Step in Innovative MObility. Am Japanesche gëtt d'Wuert aschimo ausgeschwat a bedeit "och Been". D'Behaaptungen, datt den Numm eppes mam Isaac Asimov ze dinn hätt, huet Honda ni confirméiert.

Dem ASIMO seng "Virgänger"[änneren | Quelltext änneren]

Dem ASIMO säi Stammbam geet zeréck bis an d'Joer 1986.

  • 1986 huet Honda ugefaangen zweebeenege Roboteren z'entwéckelen. Den éischten, den E0, konnt schonn op engem flache Buedem riichtaus goen. Fir all Schrack huet en tëscht fënnef an 20 Sekonne gebraucht. Vum Ausgesinn hier, war et eng kleng Këscht mat metalle Been.
  • Tëscht 1987 an 1993 goufen dräi weider Modeller entwéckelt. Den E1, E3 an den E6 kruten dem Mënsch säin dynamescht Goe bäibruecht.
  • Vun 1993 bis 1997 koumen dräi Prototyppen eraus, allen dräi mat Kapp, Kierper, an Äerm, déi sech beweegt hunn.
De P1 hat e risege "Kapp", war eppes iwwer ee Meter 80 grouss an huet bal 200 Kilo op d'Wo bruecht.
De P2 huet méi "frëndlech " ausgesinn a konnt d'Gläichgewiicht am Stoen halen, wann een e wollt ëmdrécken.
De P3 war 143 Kilo schwéier an 150 Zentimeter grouss. Hien huet misse stoebleiwen an op der Plaz dréie fir ëm den Eck ze goen.
  • Am Oktober 2000 huet Honda den ASIMO virgestallt. Dee weit 52 Kilo bei enger Gréisst vun 120 Zentimeter.
Den ASIMO bleift op engem Bee stoen

Den ASIMO a seng "Anatomie"[änneren | Quelltext änneren]

Kapp an Aen[änneren | Quelltext änneren]

Hals[änneren | Quelltext änneren]

Kierper[änneren | Quelltext änneren]

De "Skelett" ass eng Rumm aus enger Magnesiumlegéierung déi eng [[Plastik|Plastiks"haut" dréit. Sou konnt d'Gewiicht erofgesat ginn.

Bauch[änneren | Quelltext änneren]

E 40 Volt 10 Ampère Akku mat engem Gewiicht vun 8,5 Kilo dreift den ASIMO 30 Minutte laang. Den Akku ass dee schwéiersten Eenzeldeel vum Roboter.

Äerm[änneren | Quelltext änneren]

Hänn[änneren | Quelltext änneren]

Been a Féiss[änneren | Quelltext änneren]

Dem ASIMO säi Rucksak[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: ASIMO – Biller, Videoen oder Audiodateien