Alice Munro

Vu Wikipedia
Alice Munro
Gebuertsnumm Alice Ann Munro
Gebuer 10. Juli 1931
Nationalitéit Kanada
Aktivitéit Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Romancier, Novellist, Journalist
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Royal Society of Literature


D'Alice Munro, gebuer den 10. Juli 1931 als Alice Ann Laidlaw zu Wingham, Ontario, Kanada, ass eng kanadesch Schrëftstellerin a Literaturnobelpräisdréierin, där hiert Wierk méi wéi 150 Kuerzgeschichten ëmfaasst. D'Alice Munro huet d'Struktur vun de Kuerzgeschichte revolutionéiert. D'Geschichten, déi sech duerch e sproochleche Fäischlëff auszeechnen, fänken dacks op enger onerwaarter Plaz un, duerno gëtt d'Erzielung chronologesch hannerzeg oder vijenzeg entwéckelt[1],[2].

Mat hire Geschichte knäppt d'Munro un déi angelsächseg Traditioun vun der Short Story un a gëtt dacks mat Anton Tschechow, engem russesche Meeschter vun där Form, verglach. A Kanada an am engleschsproochege Raum ass d'Alice Munro eng Bestsellerautorin. Si gouf mat ville Präisser ausgezeechent, ënner anerem 2009 mam Man Booker International Prize an 2013 mam Nobelpräis fir Literatur[3],[4].

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Alice Munro ass als dat eelst vun dräi Gesëschter op enger Fuussefarm zu Wingham, tëscht Toronto an Detroit, am Süde vun der Provënz Ontario op d'Welt komm. Wéi si zéng Joer al war, krut hir Mamm eng rar Form vun der Parkinson-Krankheet.

Tëscht 1949 an 1951 huet d'Munro mat enger Bourse Journalismus op der University of Western Ontario studéiert. Aus finanzielle Grënn huet si hire Studium awer ofgebrach.

Si huet dunn den James Munro bestuet an tëscht 1953 an 1966 véier Kanner op d'Welt gesat. Déi zweet Duechter ass kuerz no der Gebuert gestuerwen. 1963 sinn d'Alice an den James Munro op Victoria op Vancouver Island op der kanadescher Westküst geplënnert an hunn do eng Librairie opgemaach déi haut nach besteet.

1972 huet d'Alice Munro hire Mann verlooss a si ass 1976 mam Geograph Gerold Fremlin bestuet ginn. D'Koppel ass op Clinton (Ontario) geplënnert. De Fremlin ass am Abrëll 2013 gestuerwen.

Der Munro hir eelst Duechter, Sheila Munro, huet 2002 hir Kandheetserënnerungen a Lives of Mothers & Daughters: Growing Up With Alice Munro publizéiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1968 an 2012 huet d'Alice Munro 14 Kuerzgeschichtesammlunge publizéiert

Zousätzlech goufen op d'mannst dës fënnef Sammelbänn publizéiert:

Verfilmungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1983: Boys and Girls
  • 1994: Lives of Girls and Women
  • 2006: Away From Her

Präisser (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Governor General's Award for Fiction
    • 1968 fir Dance of Happy Shades
    • 1978 fir Who do you think you are
    • 1986 fir The Progress of Love
  • Trillium Book Award
    • 1990 fir Friend of My Youth
    • 1998 fir The Love of a Good Woman
  • Order of Ontario (1994)
  • Giller Prize
    • 1998 fir The Love of a Good Woman
    • 2004 fir Runaway
  • Rogers Writers' Trust Fiction Prize
    • 2004 fir Runaway
  • O. Henry Award
    • 2006 fir "Passion"
    • 2008 fir "What Do You Want To Know For?"
    • 2012 fir "Corrie"
  • Member vun der American Academy of Arts and Sciences (1997)
  • National Book Critics Circle Award for Fiction (1998), fir The Love of a Good Woman
  • Man-Booker-Präis für international Literatur (2009)
  • Chevalier vum Ordre des arts et des lettres (2010)
  • Nobelpräis fir Literatur (2013)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Isla Duncan, Alice Munro's Narrative Art, Palgrave Macmillan, New York 2011. ISBN 978-0-230-33857-9, ebook ISBN 978-1-137-00068-2
  • Robert Thacker: Alice Munro: writing her lives; a biography. Emblem, McClelland & Stewart, Toronto, Ont. 2011, ISBN 978-0-7710-8510-9
  • Coral Ann Howells: Alice Munro. Manchester University Press, Manchester u. a. 2007, ISBN 978-0-7190-4559-2
  • The rest of the story. Critical essays on Alice Munro. Edited by Robert Thacker, ECW Press, Toronto, 1999, ISBN 1-55022-392-5
  • Louis K. MacKendrick, Some other reality: Alice Munro's Something I've been meaning to tell you. ECW Press, Toronto 1993, ISBN 1-55022-129-9
  • Walter Rintoul Martin: Alice Munro: paradox and parallel. Univ. of Alberta Pr., Edmonton, Alberta 1987

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alice Munro – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Julie Bosmans: Alice Munro Wins Nobel Prize in Literature.
  2. Am Fréijoer 2013 huet d'Lisa Dickler Awano et esou gesot: „Her continual innovation in short-story structure has expanded our understanding of what the form can achieve.“ An Interview With Alice Munro, Lisa Dickler Awano, Virginia Quarterly Review.
  3. Nobelprize.org: The Nobel Prize in Literature 2013, gekuckt den 19. Mäerz 2017
  4. http://www.rtl.lu/kultur/476506.html Literatur-Nobelpräis 2013 fir Kanadierin Alice Munro; gekuckt den 19. Mäerz 2017
  5. 1980 ass dëst Buch ënner dem Titel The Beggar Maid. Stories of Flo & Rose an der Shortlist fir de Booker Prize for Fiction opgeholl ginn; eng grouss Ausnam, well et sech net ëm e Roman, mä ëm Kuerzgeschichte gehandelt huet
  6. Alan Cheuse, Dear Life, in: npr.org, 19.