Styx (Mythologie)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Styx aus der griichescher Mythologie. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Styx.

De Styx (gr. Στyξ, Floss vum Haass, am Griichesche weiblech wéi nëmme ganz wéineg Flëss) ass e Floss an Arkadien dee vun den Häng vum Chelmos iwwer Fielsen an den Dall gestierzt an an d'Ënnerwelt gestréimt ass. Nieft Acheron, Lethe, Kokytos, Phlegethon an Eridanus ass et an der griichescher Mythologie e Floss vun der Ënnerwelt an eng Flossgëttin.

Dem Hesiod no war si d'Duechter vum Okeanos an Tethys. Si huet sech mam Pallas bestuet an hat mat him d'Kanner Zelos ("Äifer"), Nike ("Victoire"), Kratos ("Muecht") a Bia ("Gewalt"). Si gëtt och heiansdo als Mamm vun der Skylla a vun de Quellen a Séie bezeechent. En aneren, deen als hire Mann ernimmt gëtt, ass de Piras, mat deem si d'Hydra soll kritt hunn.

De Styx stellt d'Grenz duer tëscht der Welt vun de Liewegen an dem Hades sengem Douderäich. De Floss ëmfléisst den Hades néngmol. D'Séile vun den Doudege gi vum Charon eriwwer geschëfft. Dofir hu si och eng Mënz (Obolus) matkritt mat där se de Färmann konnte bezuelen.

Anere Quellen no duerchfléisst de Styx den Hades andeems e sech siwemol wënnt ier en als Floss Alpha nei entspréngt. D'Verknäppe vum Doudesfloss mam éischte Buschtaf vum griicheschen Alphabet symboliséiert an deem Fall den éiwege Kreeslaf vu Gebuert, Doud a Reinkarnatioun. Erëm eng aner Versioun erzielt datt de Styx an den Acheron fléisst.

D'Waasser vum Styx mécht jiddwereen, deen dra buet, onverwondbar. Dowéinst ass och den Achilleus vu senger Mamm Thetis an de Styx gezappt ginn. Just u senger Feescht, mat där seng Mamm en ugehalen hat, konnt en nach verwonnt ginn. D'Waasser soll och héich gëfteg gewiescht sinn, sou soll z. B. den Alexander de Groussen domat vergëft gi sinn.

D'Gëtter hunn hir Eede beim Styx geschwuer, sou wéi den Zeus et versprach hat, well si de Gëtter bei der Titanomachie gehollef huet. D'Iris ass du geschéckt gi fir mat engem gëllene Krou Waasser aus dem Styx ze huelen. Wie säin Eed muttwëlleg gebrach huet, huet sech missen 10 Joer laang vun den anere Gëtter ewechhalen. Dat éischt Joer huet e missen ouni Otem, Ambrosia a Nektar auskommen an déi nächst 9 Joer ass e weiderhi vun der Gesellschaft vun de Gëtter ausgeschloss gewiescht. Dat war och ee vun de Grënn firwat datt de Styx vun de Gëtter gehaasst gouf.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Styx – Biller, Videoen oder Audiodateien