Bia (Mythologie)

Vu Wikipedia

D'Bia (gr. "Kraaft") war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Pallas an der Styx, Schwëster vum Zelos ("Äifer"), Kratos ("Muecht") a Nike ("Victoire"). Si war ëmmer um Zeus senger Säit an huet dem Hephaistos a Kratos gehollef den Titan Prometheus un e Fiels unzekette fir en dofir ze bestrofen datt en de Gëtter d'Feier gestuel huet.

D'Gesëschter waren alleguer um Kampf géint d'Titanen (Titanomachie) bedeelegt.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.