Kratos

Vu Wikipedia

De Kratos war an der griichescher Mythologie de Gott vun der Muecht (och vum Zwang), Jong vum Pallas a vum Styx. Seng Gesëschter waren den Zelos, "Äifer", d'Bia, "Kraaft" a Nike, "Victoire".

En huet dem Hephaistos gehollef de Prometheus un e Fiels ze ketten, well den de Gëtter d'Feier gestuel huet.

All véier Gesëschter hunn zesumme mat hirer Mamm dem Zeus an deem sengem Kampf géint d'Titanen (Titanomachie) bäigestanen.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.