Kinnekräich Piemont-Sardinien

Vu Wikipedia
Kinnekräich Piemont-Sardinien 1839: Um Festland Piemont mat der Savoie (mof) an Nice (brong), béides haut Frankräich. Op der Niewekaart Sardinien

D'Kinnekräich Piemont-Sardinien ass 1720 aus dem Kinnekräich Sardinien entstanen, wéi d'Haus Savoie-Piemont Sardinien vun Éisträich am Tosch géint Sizilien krut, a säin Herrschaftsusproch vun do un op de Besëtz vun dësem Tosch gestäipt huet.

D'Kinnekräich huet eng wichteg Roll an den italieenesche Vereenegungskricher nom Wiener Kongress, dem sougenannte Risorgimento, gespillt, an huet sech um Krimkrich géint Russland op de Säite vun der Allianz tëscht Frankräich an England mam Osmanesche Räich bedeelegt. Heiduerch konnt d'Kinnekräich d'Ënnerstëtzung vu Frankräich a spéider och Preisen gewannen, fir duerno am Sardinesche Krich d'Éisträicher, déi duerch de Krimkrich geschwächt waren, bei der Schluecht vu Solferino aus bal ganz Norditalien ze verdreiwen. Doduerch gouf de Wee zur italieenescher Eenegung fräi, de Victor-Emmanuel II. vu Piemont-Sardinien gouf 1861 zum éischte Kinnek vum vereenegten Italie gekréint.

D'Kinnekräich Piemont-Sardinien ass domat am neie Kinnekräich Italien opgaangen.

Kinneke vu Piemont-Sardinien[änneren | Quelltext änneren]