Ruslana Lyjytschko

Vu Wikipedia
Ruslana Lyjytschko
am Joer 2012
Gebuertsnumm Руслана Степанівна Лижичко
Gebuer 24. Mee 1973
Lwiw
Nationalitéit Sowjetunioun, Ukrain
Aktivitéit Sänger, Dirigent, Komponist, Dänzer, Pianist, Politiker, Museksproduzent, Radiosspeaker, Schauspiller

Ruslana Lyjytschko (Ukrainesch Руслана Лижичко/Ruslana Lyjytschko; no der englescher Transkriptioun meeschtens als Ruslana Lyzhychko resp. Ruslana Lyzhichko geschriwwen; gebuer de 24. Mee 1973 zu Lemberg), ass eng ukrainesch Sängerin, Dänzerin, Produzentin a Komponistin.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Ruslana Lyjytschko ass zanter 1995 mam Produzent Alexander Ksenofontow bestuet. Zesumme bedreiwe se zanter 1993 d'Studio Luxen, an deem Filmtrailer fir Musicals a Radiosreklammen gemaach ginn.

Schonn als Kand huet d'Ruslana an der Grupp Orion gesongen, spéider am Kannerensemble Smile. Si huet un der Dirigente-Fakultéit vum Lemberger Conservatoire studéiert. Si schreift, komponéiert a produzéiert hir Lidder selwer, geneesou wéi hir Museksvideoen. Am Joer 1998 hat si an der Ukrain en éischte Succès mat dem Song Sunrise (uk:Svitanok), wou et och e relatiivt erfollegräicht Museksvideo derzou gouf. Hiren Album A Moment of Spring (uk: Myt' vesny, Мить весни) war och en Erfolleg. Am Joer 1999 huet si bei der Verfilmung vum Chrëschtdags-Musical The Final Christmas of the 1990s (Ostanne rizdvo 90th) matgespillt, déi d'ukrainesch Auszeechnung Movie of the Year krut. D'ukrainesch Televisioun huet d'Ruslana zur Perséinlechkeet vum Joer 2000 gewielt. Hiren erollegräichen Album Wild Dances (uk: дикі танці/Dyki Tanzi), deen 2003 erauskoum, krut als éischten Album iwwerhaapt Platin fir 100.000 verkaaft Exemplairen, an engem Land mat markantem Museksschwaarzmaart eng erstaunlech Leeschtung.

D'Ruslana huet 2004 d'Eurovisioun mam Titel Wild Dances mat 280 Punkte gewonnen. Si krut vu 35 vun de 36 Natiounen déi matgemaach hu Punkten. Am Lidd sinn Elementer aus der Folklore vun den Huzulen-Volleksgrupp aus de Karpaten. D'Lidd gouf duerch eng intern Jury vum ukrainesche Televisiounssender NTU fir d'Participatioun un der Eurovisioun ausgewielt. D'Lidd war fir den Album mam selwechten Numm geduecht, mä wéinst der Quantitéit u Material op de geplangten Album Wild Dances 2 opgestockt. Op der Bün zu Istanbul gouf si vum ukrainesche Ballett Jyttja (uk: Життя) ënnerstëtzt.

D'Ruslana ass eng Symbolfigur fir d'Orange Revolutioun am Joer 2004 ginn. Si huet sech no der Walfälschung bei de Walen als eng vun den éischten an der Demokratiebeweegung op dem Wiktor Juschtschenko senger Säit agereit a gëtt haut als Symbol fir déi modern Ukrain verstanen.

D'Ruslana wierkt och beim Projet Begegnungen - Eine Allianz für Kinder vum Peter Maffay mat.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • Myt' Vesny - Dzvinkiy viter (1986, 1998)
  • Ostannye rizdvo 90 (1999)
  • Naikrashe (2001)
  • Dobriy vechir, tobi... (2002)
  • Dyki Tantsi (2003)
  • Dyki Tantsi + Bonus (2004)
  • Wild Dances (2004)
  • Wild Dances (New Year Edition) (2005)
  • Wild. Club'in (2005)
  • Amazonka (2008)
  • Wild Energy (2008)
  • EY-fori-YA (2012)
  • Miy Brat! (razom!) (2013)
  • My Boo! (together!) (2013)

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Wild Dances (2004)
  • Dance with the wolves (2004)
  • The Same Star (2005)
  • Dyka Enerhiya (2006)
  • Moon of Dreams (feat. T-Pain) (2008)
  • Wow! (2011)
  • Sha-la-la (2011)
  • Davaj Graj (2011)
  • Miy Brat! (2012)
  • Tse Ey-fori-ya (2012)
  • Rachmaninov (2012)
  • This Is Euphoria (2013)
  • It's magical (2017)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ruslana Lyjytschko – Biller, Videoen oder Audiodateien