Mira-Stär

Vu Wikipedia

D'Mira-Stäre si verännerlech Stären, déi nom Stär Mira am Stärebild Cetus (Walfësch) genannt sinn.

Mira-Stäre si rout Risen oder Iwwerrisen mat Perioden tëscht 80 an 1.000 Deeg. Am Géigesaz zu den Cepheiden si si domat laangperiodesch Verännerlecher.

All Mira-Stäre hunn Emmissiounslinnespektre vum spéideren Typ (K5-M9). Hir Periode sinn ëmsou méi laang, wat se méi kal sinn. Déi visuell Amplitudë leien tëscht 2,5 an 11 Gréissteklassen, déi net streng agehale ginn. Sou kann no engem ganz helle Maximum den nächste Maximum méi schwaach ausfalen. Grad wéi d'Cepheide sinn d'Mira-Stäre Pulsatiounsverännerlecher. Hire Pulsatiounsmechanismus berout awer anescht wéi bei de Cepheiden net um Kappa-Mechanismus mä op der Ionisatioun vu Waasserstoff. Dat féiert zu der Emissioun vu Schockwellen an der Stäratmosphär, déi de Radius vum Stär ëm bis zu 50 Prozent variéiere léisst.

Spektrum[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Mira-Stäre gehéiren zu der Spektralklass M mat Titanoxid-Bande. Nëmmen e klengen Deel gehéiert zu de Kuelestoffstäre C oder zu der Spektralklass S mat ausgepräegter Zirkonoxid-Bande. D'Andeelung no der Spektralklass ass e Resultat vum relativen Deel vu Sauerstoff zu Kuelestoff. Ass manner Sauerstoff wéi Kuelestoff do, sou gëtt all Sauerstoff am Kuelemonoxid (CO) gebonnen an den Iwwerschoss u Kuelestoff weist sech an de Kuelestoffbande vun den C-Stären. Ass méi Sauerstoff wéi Kuelestoff an der Atmosphär, sou gëtt de ganze Kuelestoff an deem am Opteschen net nowäisbaren CO gebonnen an de Reschtsauerstoff bilt Titanoxid. S-Stären hu warscheinlech dar selwecht Verhältnes vu Sauerstoff zu Kuelestoff.

Onofhängieg vun der Spektralklass gi bei Mira-Stären d'Waasserstofflinnen an heiansdo och d'Spektrallinne vun anere Elementer an Emissioun observéiert. D'Emissioun gëtt duerch Schockwelle verursaacht, déi duerch déi ausgedeent Atmosphär vum Roude Ris lafen.

De Nowäis vu Lithium an den Atmosphäre vu Mira- an anere AGB-Stäre war laang Zäit e Rätsel. Lithium gëtt scho bei Temperature vun 3.000.000 K wärend dem Waasserstoffbrennen duerch thermonuklear Reaktioune zerstéiert. Well de Stär wärend dëser T-Tauri-Phas nach voll konvektiv war, sollt sämtleche Lithium ëmgewandelt sinn. De Lithium-Deel schéngt mat der Pulsatiounsperiod an domat dem Alter unzeklammen. Dat gëtt als Folleg vun engem Hot Bottom Burning interpretéiert. D'Konvektiounszon reecht an d'Schuel mat Waasserstoffbrennen an transportéiert frësch synthetiséiert Lithium un d'Uewerfläch.

Liichtbou[änneren | Quelltext änneren]

De Liichtkou vun de Mira-Stären ass sinusfërmeg. Am Géigesaz zu de Cepheiden sinn d'Liichtbéi selwer verännerlech an en Zyklus ënnerscheet sech ëmmer vun deem vu virdrun. Beim Eropklammen zum Maximum kënne bei en ettleche Mira-Stären Asenkungen optrieden, déi wéi bei den Cepheiden wuel op eng 2:1 Resonanz tëscht der Grondschwéngung an der éischter Uewerschwéngung berouen. Et gëtt keen Zesummenhank tëscht der Form vum mëttlere Liichtbou an de stellare Parameteren.

Donieft weisen en ettlech Mira-Stäre zoufälleg verdeelt Hellegkeetsabréch iwwerlagert vum normale Liichtwiessel. Dat gëtt mat enger Absorptioun duerch Stëbsdeelercher am Mantel vun de Roude Risen a Verbindung bruecht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Patricia A. Whitelock: Asymptotic Giant Branch variables in the Galaxy and the Local Group. In: Variable Stars, the Galactic Halo and Galaxy Formation. Proceedings of an international conference held in Zvenigorod, Russia, 12-16 October 2009. Sternberg Astronomical Institute of Moscow University, Moskau 2010, arXiv

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie