Tour et Taxis

Vu Wikipedia
Tour et Taxis
Land Belsch
Gemeng Bréissel,
Molenbeek-Saint-Jean
Plaz Laeken
Koordinaten 50°51'59,4328"N, 4°20'49,5056"O
Genannt no Thurn an Taxis
Den Entrepôt Royal

Tour et Taxis (Thurn en Taxis op Hollännesch) ass en Ensembel vu Gebaier zu Bréissel, dee laanscht de Bassin Vergote vum Hafe vu Bréissel läit. Dat Ganzt läit an der Gemeng Molenbeek-Saint-Jean, op engem Terrain dee 37 ha grouss ass. Déi ganz Infrastruktur war geduecht fir de Wuerentransit, haaptsächlech vum Ausland, an an d'Ausland, tëscht dem Hafen, dem Schinnentransport , an dem Stroossentransport ze maachen, a gouf uganks vum 20. Joerhonnert opgeriicht.

Haut huet dësen industriellen a kommerzielle Komplex seng initial Funktioun verluer, an nodeem e sollt ofgerappt ginn, huet d'Fonderie sech dofir agesat datt e soll erhale bleiwen, a sou ass mat der Restauratioun ugefaange ginn.

De Komplex ass no Südosten op de ganzer Längt vum Bréisseler Hafe begrenzt. Am Nordosten an Nordweste ware Gleisinstallatiounen, déi an der Tëschenzäit ewechgerappt goufen, a vun der Strooss aus kënnt een iwwer d'rue Picard dohin.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1897 krut d'Société du Canal et des Installations maritimes vu Bréissel den Optrag fir de Kanal vu Willebroek ze moderniséieren, a si krut dofir eng Plaz bei Laeken déi virdrun der Famill Thurn und Taxis gehéiert hat. Et war eng 37 ha grouss Wiss, op där d'Postentreprise Thurn und Taxis hir Postkutschepäerd lafen hat. Dohier och den Numm Tour et Taxis vun der Plaz.

1904 gouf mat der Konstruktioun vun dëser multimodaler Plattform ugefaangen, déi haaptsächlech am Déngscht vun der Douane stoung.

Eng Serie vun imposante Gebaier gouf tëscht 1904 an 1907 gebaut, dorënner den Entrepôt Royal, den Hôtel de Douanes, en Entrepôt spécial, en Hangar de transbordement an en Hangar fir geféierlech Produkter. D'Pläng fir dat Ganzt ware vum Architekt Ernest Van Humbeek . Déi grouss Fassade sinn an Zillen an am Bloe Stee gebaut.

Gläichzäiteg huet d'SNCB eng nei Marchandisegare gebaut. Dës Gare maritime déi tëscht 1902 an 1910 opgeriicht gouf war op 4 ha verspreet, a war sou ugeluecht datt e puer Zich matenee konnte gelueden oder eidel gemaach ginn.

Am Komplex deen 1980 zougemaach gouf, hu virdru bis zu 2.500 Leit geschafft.

En ettlech Fabrécken déi haaptsächlech op Export geschafft hunn, hu sech am Laf vun der Zäit ronderëm installéiert.

No 1980 waren do nach en ettlech kulturell Aktivitéiten, a wéi d'Gespréich opkoum datt sollt ofgerappt ginn, huet d'Associatioun La Fonderie , ënnerstëtzt vun TICCIH , ICOMOS a World Monument Watch , e klenge Krich musse féiere fir datt dat Ganzt soll erhale bleiwen.

De Restauratiounsprojet war net vun haut op mar ze realiséieren, mä an der Tëschenzäit sinn d'Haaptgebaier, den Entrepôt Royal an d' Gare maritime, sou wéi och epuer méi klegn Niewegebaier, fäerdeg restauréiert, wou eng Rëtsch Entreprisen, Geschäfter an Horeca-Betriber sech installéiert hunn (Stand: Enn 2022). Een Deel vum Gebai ass fir Ausstellungen a kulturell Evenementer reservéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tour et Taxis – Biller, Videoen oder Audiodateien