Flora a Fauna vun Australien

Vu Wikipedia

D'Flora a Fauna vun Australien konnt sech laang ouni Afloss vun aneren Ökosystemer getrennt entwéckelen.

Koala

Duerch déi isoléiert Lag vum Kontinent si méi wéi 80% vun den australesche Planzenaarten endeemesch, dorënner Honnerte vun Akazien- an Eukalyptusaarten. Méi wéi 600 verschidden Zorte vun Eukalyptusbeem (95 % vum Bambestand) markéieren d'Landschaft.

Op Grond vun der äerdgeschichtlecher Entwécklung liewen an Australien Beidelmamendéieren wéi Koalabieren a Känguruen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ofdrifte vun Australien vum Superkontinent Gondwana virun ongeféier 100 Millioune Joer, konnt déi urzäitlech Flora a Fauna sech wéinst der Isolatioun ongestéiert entwéckelen.

Nom Ënnergang vun den Dinosaurier, hu sech an Australien d'Beidelmamendéieren duerchgesat.

Déierewelt[änneren | Quelltext änneren]

Kängurue sinn nëmmen eng vu bal 180 Beideldéierenaarten. Si hu sech dem dréchene Klima an den nierstoffaarme Biedem vum Kontinent perfekt ugepasst. Australien ass ausserdeem e Paradäis fir Insekten a Reptiller. Déi meescht sinn harmlos, mä verschidde Spannen a Schlaange sinn héich gëfteg a liewensgeféierlech.

80% vun de Mamendéieren, 47% vun de Vullen, 89% vun de Reptiller an 90% vun de Spannendéieren an Insekte sinn eenzegaarteg.

Déi eenzeg Nokomme vun den Urmamendéieren déi nach liewe sinn d'Schnieweldéieren an de Seechomessekéiseker. Hir speziell Eegenschaft ass datt si Eeër leeën an hiren Nowues nieren.

Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

Australien ass vun Natur aus e salzege Kontinent. Kristaller gi vum Wand aus den Ozeanen erausgeblosen a setze sech schonn zanter Joerdausenden am Ënnergrond, virun allem am Grondwaasser of. D'Vegetatioun huet sech deenen aussergewéinleche Bedéngungen ugepasst. D'Planze suckele mat hire laange Wuerzelen d'Reewaasser op an halen de Grondwaasserspigel konstant.

An Australien gëtt et eng Rei ganz verschidde Liewensraim. Een Deel besteet aus Wüst, Steppen a Savannen. Da gëtt et nach d'Eukalyptusbëscher, Graslandschaften an Reebëscher. All Liewensraum steet fir eng eegen Déieren- a Planzewelt.

Am Outback begéint een eng eenzegaarteg Déierewelt. Déi meescht Déiere liewe wëll oder an Nationalparken. Déi geschützt Landflächen erstrecke sech iwwer 580.000 km² (7,5 % vum australesche Festland).

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Vill Déieren a Planze si vum Ausstierwe bedreet. D'Mënsche ginn ëmmer méi wäit an d'Natur eran a bauen hir Siidlungen an deenen zerbriechlechen Ekosystemer. All Dag ginn ëmmer méi Beem ofgeholzt an dat mat tragesche Konsequenzen. Ouni de Schutz vun de Beem leit déi dënn Äerdkuuscht. De Grondwaasserspigel verännert sech. A verschiddene Regioune klëmmt d'Salz mam Waasser aus de Gestengszonen un d'Uewerfläch a verdierft de Buedem. Déi landwirtschaftlech Bewässerungsanlage verbëtzen d'Waasser an déi scho rar Suppen a Séilandschafte verschwanne lues a lues. Dës Schied si schonn entstane wéi déi éischt Immigranten aus Europa virun 200 Joer an Australien agewandert sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fauna vun Australien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Flora vun Australien – Biller, Videoen oder Audiodateien