Mediterranean Shipping Company

Vu Wikipedia
MSC Marina am Container-Terminal Bremerhaven

D'Mediterranean Shipping Company (kurz MSC) ass eng Schwäizer Reederei mat Sëtz zu Genf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'MSC gouf 1970 vum italieenesche Kapitän Gianluigi Aponte gegrënnt. Si huet sech zanterhier zum zweetgréisste Container Carrier (no der Mærsk Line, déi am August 2005 d'Royal P&O Nedlloyd iwwerholl hat), eropgeschafft.

Linnen- a Containerschëfffaart[änneren | Quelltext änneren]

Containerschëff MSC Flaminica (gechartert)

Bis 1995 goufe vun der MSC ausschliisslech Occasiounscontainerschëffer kaaft. D'Flott bestoung aus enger ëmmer méi grousser Zuel vu Second-hand-Containerschëffstyppen aus der éischter bis zur drëtter Generatioun. Eréischt vun 1994 un huet d'MSC nei Containerschëffer baue gelooss oder gechartert.

Ënner MSC-Fändel si Mëtt 2007 eng 340 Containerschëffer, mat enger Stellplazkapazitéit vun 1.115.000 TEU, gefuer. Am Vergläich Maersk-Sealand mat 1.030.000 TEU, incl. P&O Nedloyd 1.400.000 TEU. D'Nimm vun de Schëffer loossen erkennen, wéi eng gechartert a wéi eng der Reederei gehéieren. Déi zur Zäit gréissten MSC Containerschëffer mat enger Capacitéit vu jee 9.178 TEU sinn d'„MSC Pamela“ an „MSC Susanna“. Si goufen am Juli 2005 bei Samsung H.Ind. a Südkorea fir déi däitsch Reederei C.P.Offen gebaut, a fir aacht Joer un MSC verchartert. No kuerzer Zäit huet MSC se kaaft. Aner Schëffer vun där Serie si schonn ausgeliwwert respektiv bestallt.

Wichtegsten zentrale Containerterminal vun der MSC ass Antwerpen; do exploitéiert d'Reederei en eegenen Terminal.

MSC bedéngt weltwäit 270 Häfe mat 170 Linnen.

Weltweit zielt d'MSC iwwer 30.000 Mataarbechter an 390 Néierloossungen, déi iwwer 146 Länner verspreet sinn.

Am Dezember 2021 bitt MSC op d'mannst 5,7 Milliarden Euro fir Bolloré Africa Logistics, eng Duechtergesellschaft vum Bolloré Grupp.

Croisièren[änneren | Quelltext änneren]

MSC Armonia, Korfu

1995 ass d'MSC, wéi se d'StarLauro S.p.A. iwwerholl huet, an d'Croisièresgeschäft erageklomm an zwar ënner dem Numm MSC Crociere S. p. A.. D'Entreprise ass grad wéi bei de Containerschëffer virgang an huet fir unzefänken eeler Schëffer aus zweeter Hand kaaft. 2003 koum du mat der "MSC Lirica" (59000 BRT) dat éischt neigebaute Schëff dobäi. 2004 koum d'Schwësterschëff "MSC Opera" no, an duerno d'"European Vison" an d'"European Stars" (je 58000 BRT) déi d'Gesellschaft no der Faillite vun der Festival Crociere S. p. A., als "MSC Armonia" an "MSC Sinfonia" iwwerholl hat. MSC ass weider séier gewuess an huet nei Schëffer bestallt. 2006 gouf d'"MSC Musica" (90000 BRZ) a Betrib geholl, gefollecht, 2007, vun der "MSC Orchestra". Mat der "MSC Poesia"(2009) an der "MSC Magnifica"(2010) kommen nach zwee weider Schwësterschëffer dobäi. Fir 2008 an 2009 sinn d'"MSC Fantasia" an "MSC Splendida" (je 133500 BRT) bestallt. Gebaut ginn all déi Schëffer vun der franséischer Werft Chantiers de l'Atlantique vu Saint-Nazaire.

Flott vu Croisièresschëffer[änneren | Quelltext änneren]

Joer Numm Tonnage Werft Status/Wat aus e ginn ass
1995 (1956) Monterey 20046 BRT Bethlehem Shipbuilding Corporation, Sparrows Point 1956: fir Matson Navigation Co. / 1995 un MSC / Am Déngscht
1995 (1975) Rhapsody 17095 BRT Burmeister & Wain A/S, Kopenhagen 1975 ex Cunard Princess, Cunard / 1995 un MSC / 2005 Am Déngscht
1995 (1951) Symphony 16741 BRT Swan, Hunter & Wigham, Richardson Ltd., Newcastle 1951 ex Provence, SGTM / 1995 un MSC / 2000 verkaaft
1997 (1982) Melody 35143 BRT Chantier Navale de la Mediterranée S.A., La Seyne 1982: ex Atlantic, Home Lines / 1995 un MSC / Am Déngscht
2003 MSC Lirica 59058 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Déngscht
2004 MSC Opera 59058 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Déngscht
2004 (2001) MSC Armonia 58625 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire 2001: ex European Vision, Festival Crociere / 2004 un MSC / Am Déngscht
2004 (2002) MSC Sinfonia 58625 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire 2002: ex European Stars, Festival Crociere / 2004 un MSC / Am Déngscht
2006 MSC Musica 90000 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Déngscht
2007 MSC Orchestra 90000 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Déngscht
2008 MSC Poesia 90000 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Bau
2010 MSC Magnifica 90000 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Bau
2008 MSC Fantasia 133500 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Bau
2009 MSC Splendida 133500 BRT Chantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire Am Bau

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: MSC Cruises – Biller, Videoen oder Audiodateien