Ani Lorak

Vu Wikipedia
Ani Lorak
D'Ani Lorak 2009 zu Moskau
Gebuertsnumm Кароліна Мирославівна Куєк
Gebuer 27. September 1978
Kizman
Nationalitéit Sowjetunioun, Ukrain
Aktivitéit Sänger, Komponist, Dichter, Mannequin, Schauspiller, Animateur, Gastronom, Schrëftsteller, Fotomodell, Televisiounsmoderateur, Entreprener

D'Ani Lorak (op Ukrainesch Ані Лорак), gebuer als Karolina Myroslawiwna Kujek (Кароліна Мирославівна Куєк) de 27. September 1978 zu Kizman, ass eng ukrainesch Popsängerin, déi meeschtendeels a Russland schafft.

Si huet hiert Heemechtsland bei der Eurovisioun 2008 zu Belgrad vertrueden an déi zweet Plaz mam Lidd Shady Lady erreecht.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Karolina Miroslawowna Kujek gouf als Kand vun engem Chouerchef an enger Beamtin vun der Kulturverwaltung an engem klengen Duerf an der Westukrain gebuer. Scho fréi huet si sech fir Gesank intresséiert an u Gesanksconcoursen an der Schoul deelgeholl; am Alter vu 14 Joer huet si beim héich ugesinne Pervotsvit-Concours matgemaach. Am Mäerz 1995 ass si a Russland gereest an ass do an der Kompetitioun vun der Televisounssendung Утренняя звезда ("Mueresstär") opgetrueden. Well schonn en anert Meedche mam Numm Karolina matgemaach huet, huet si den Numm Ani Lorak ugeholl, wat einfach hire Virnumm vun hannen no vir gelies ass. Spéider ass si op Kiew geplënnert an huet op weidere Concoursen an der Ukrain an och zu New York matgemaach, éier 1996 hiren Debütalbum Хочу летать ("Ech wëll fléien") mat den erfollegräiche Singelen Манекенщица a Боже мой erauskomm ass.

1997 ass d'Ani Lorak am ganze Land op Tournée gaangen an huet un hirem zweeten Album geschafft a Museksvideoe gedréint. Ufank 1998 ass dunn Я Вернусь ("Ech wäert erëmkommen") erauskomm. D'Joer drop gouf si mam Titel "Verdéngte Kënschtler vun der Ukrain" ausgezeechent an huet de Komponist Igor Krutoi begéint, mat deem si 2000 d'Danzsingle Зеркала opgeholl huet, déi erëm en Hit ginn ass. Am Album duerno www.anilorak.com waren déi bescht Lidder vun hiren zwéin eeleren Albume plus e puer nei Lidder.

Dem Ani Lorak säin 2001er Album Там, де ти є... ("Do wou s de bass...") ass, am Géigesaz zu hire fréiere Wierker, net op Russesch mä op Ukrainesch opgeholl ginn. Zur selwechter Zäit huet si och eng Roll am russesch-ukrainesche Museksfilm Вечори на хуторі біля Диканьки ugeholl an de Remixalbum REMIX Мрій про мене ("REMIX Dreem vu mer") erausbruecht.

De Succès huet si och net mat hirem eponymen Album Ani Лорак an de Singelen Три звичних слова a Мои бажання verlooss. Nodeem d'Ukrain 2004 de Eurovision Song Contest gewonnen hat, huet d'Gewënnerin Ruslana sech ëffentlech dofir ausgeschwat, datt d'Ani Lorak soll deelhuelen. Dat huet si dunn och versicht, mä hiert engleschsproochegt Lidd A Little Shot of Love huet et an der nationaler Prequalifikatioun nëmmen op déi zweet Plaz bruecht. Dat Lidd huet awer hiren Album Smile ugekënnegt, deen - mat der Ausnam vun zwee Lidder op Ukrainesch - komplett op Englesch war an aus deem nach zwou aner Singelen, Smile a Car Song, ausgekoppelt goufen. Déi pur ukrainesch Versioun, Розкажи..., ass e puer Méint méi spéit verëffentlecht ginn. D'Ani Lorak huet ëm déi selwecht Zäit och d'Duetter 100 Kisses mam ukrainesche Superstar Olexandr Ponomarjow a Верни мою любовь mam russesche Sänger Waleri Meladse opgeholl.

2007 sinn d'Musekvideoen zu de Lidder C первого взгляда an Я с тобой erauskomm, déi spéider op hirem russeschsproochegen Album 15 ze fanne waren.

2008 gouf d'Ani Lorak schlussendlech auserwielt, d'Ukrain am Eurovision Song Contest zu Belgrad ze representéieren an huet do an der Final déi zweet Plaz mam Lidd Shady Lady erreecht.

Hiren eelefte Studiosalbum Солнце ("Sonn") ass 2009 erauskomm, an 2010 gouf Ані Лорак. The Best, e Best Of Album, verëffentlecht.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996 – Хочу летать (Ech wëll fléien)
  • 1998 – Я вернусь (Ech wäert erëmkommen)
  • 1999 – Ангел Мрій Моїх (Dramengel)
  • 2000 – www.anilorak.com
  • 2001 – Там, де ти є... (Do wou s de bass)
  • 2003 – REMIX Мрій про мене (REMIX Dreem vu mer)
  • 2004 – Ані Лорак (Ani Lorak)
  • 2005 – Smile (Laach)
  • 2006 – Розкажи (So mer)
  • 2007 – 15
  • 2008 – Shady Lady (Dubios Damm)
  • 2009 – Солнце (Sonn)
  • 2010 – Ані Лорак. The Best

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ani Lorak – Biller, Videoen oder Audiodateien