Christian de La Croix de Castries

Vu Wikipedia
Christian de La Croix de Castries
Gebuer 11. August 1902
Paräis
Gestuerwen 29. Juli 1991
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Militär

De Grof Christian Marie Fernand de La Croix de Castries, gebuer zu Paräis den 11. August 1902 an och do gestuerwen den 29. Juli 1991, war e franséischen Offizéier.

Hien huet aus enger Famill gestaamt, aus där zanter e puer Generatiounen héich Offizéier ervirgaange waren, dovun ee Maréchal de France ënner dem Louis de XIV.

Den de Castries koum mat 19 Joer bei d'franséisch Arméi an ass op d'Cavalarieschoul vu Saumur gaangen, wou hien 1926 säin Offizéieschpatent krut. Hien huet déi Carrière awer dunn opgi fir am Reitsport aktiv ze ginn, wou hien 1933 mat 2,38 Meter e Weltrekord am Héichsprong um Päerd opgestallt hat.

Wéi den Zweete Weltkrich ugefaangen huet, koum hien erëm zeréck bei d'Arméi. Hie gouf 1940 vun der Wehrmacht gefaange geholl, konnt sech awer 1941 aus dem Stëbs maachen a sech zu den Alliéierten duerchschloen, op där hirer Säit hien an Nordafrika, Italien a Südfrankräich gekämpft huet.

1946 gouf hien am Rang vu Lieutenant-Colonel an Indochina geschéckt. Do gouf hie blesséiert a koum fir ee Joer a Frankräich zeréck, an ass duerno erëm als Colonel zeréck an Indochina gaangen.

Am Dezember 1953 gouf hie mat der Verdeedegung vu Ðiện Biên Phủ beopdraagt. Do gouf hien zum Brigade-Generol ernannt. No enger Belagerungszäit vu 55 Deeg, huet d'Besatzung vum Camp sech der Viet Minh-Arméi de 7. Mee 1954 missen erginn. Den de Castries war du véier Méint a Krichsgefaangeschaft, an déi Zäit gouf zu Genf de Waffestëllstand ausgehandelt.

Am Joer 1959 huet hien de Militärdéngscht mat dem Rang vun engem Generol verloss.

Mat him hat d'Famill de La Croix de Castries am Zäitraum vu 5 Joerhonnerten, Frankräich, ee Marschall, ee Marineminister, aacht Generolläitnanten, véier Lieutenant-Gouverneuren, a fënnef Chevaliere geliwwert.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]