RS Ophiuchi

Vu Wikipedia

Den RS Ophiuchi (RS Oph) ass eng (periodesch) Nova am Stärebild Ophiuchus. Wärend deene normale Phasen huet hien eng siichtbar Magnitude vun 12.5 mag. An de Joren 1898, 1933, 1958, 1967, 1985 an 2006 gouf et Hellegkeetausbréch bis op 4.5 mag.

Den RS Ophiuchi ass en Duebelstäresystem mat engem Wäissen Zwerg an engem Roude Ris. Den Zwergstär suckelt dobäi d'Matière vum Roude Ris of. No ronn 20 Joer huet sech genuch Gas ugesammelt, fir ënner der staarker Gravitatioun vum wäissen Zwerg eng thermonuklear Explosioun ze maachen.

Den Nummdeel „RS“ kënnt duerch d'Reegele vun der Stärebenennung a seet, datt RS Ophiuchi den 11. verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Schlaangendréier (laténgesch Ophiuchus) entdeckt gouf.

Koordinaten (Equinoxe 2000):

Bonner Duerchmusterung BD-6Grad4661

Henry-Draper-Katalog: HD 162214

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]