Uewerflächentemperatur

Vu Wikipedia

D'Uewerflächentemperatur ass d'Temperatur, déi op enger Uewerfläch vun engem Kierper ass, a Bezuch vu senger Wäermestralung, déi vu bausse siicht- a miessbar ass. Si ass vu Bedeitung, wann de Kär vum Kierper eng aner Temperatur wéi d'Randschichten huet, wéi och wann een d'Prozesser vum Iwwerdroe vun der Wäermt op der Uewerfläch beschreiwe wëll.

Thermodynamik an thermeschen Transfert[änneren | Quelltext änneren]

En Temperaturënnerscheed vun engem Kierper trëtt op, wa sech e Kierper deen am Ufank eng homogeen Temperatur huet, an eng Ëmgéigend deplacéiert déi eng aner Temperatur huet wéi hie selwer, an en doduerch Wäermt derbäi kritt oder ewechgeholl kritt. Déi baussenzeg Schichte passen dobäi hir Temperatur méi séier un d'Temperatur vun der Ëmgéigend un, wéi de staark thermesch isoléierte Kär. Sou huet zum Beispill e Kierper, deen am Waasser gewiermt gëtt, op senger Uewerfläch méi eng héich Temperatur wéi bannen, woubäi dat selwecht och an ëmgekéierter Form fir eng Ofkillung gëllt.

Mieresuewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Uewerflächentemperatur vun der Äerd vu Mëtt Mäerz bis Ufank Abrëll 2000
Uewerflächentemperatur am westlechen Nordatlantik. Nordamerika erschéngt schwaarz an donkelblo (kal) de Golfstrom rout (waarm). Quell: NASA

D'Mieresuewerflächentemperatur ass definéiert als d'Waassertemperatur ee Meter ënner der onmëttelbarer Mieresuewerfläch. Si stellt eng zentral meteorologesch a klimatologesch Moossgréisst duer, well si souwuel d'thermohalin Zirkulatioun vum Mier, wéi och den Austausch vun der Wäermt mat der Äerdatmosphär bestëmmt. An der Reegel benotzt ee fir d'Mieresuewerflächentemperatur déi englesch Ofkierzung SST (sea surface temperature).

Wichteg Parameteren, déi direkt oder indirekt op der Mieresuewerflächentemperatur an hire raimlechen Ënnerscheeder berouen, sinn de Southern Oscillation Index an d'Nordatlantesch Oszillatioun. Den SST spillt dobäi eng grouss Roll fir den El Niño an den La Niña souwéi fir d'Monsunphenomeen a speziell fir den Indesche Monsun.

Stären[änneren | Quelltext änneren]

Photosphär vun eiser Sonn

D'Uewerflächentemperatur vu Stären ass déi Temperatur vum Stär, déi vun der Äerd aus gemooss ka ginn. Dat seet awer wéineg iwwer seng Temperatur am Kär aus. Si ass do méi héich, wéi op der Uewerfläch, well am Kär duerch Kärfusioun grouss Hëtzte fräigesat ginn. Déi Wäermt gëtt da laanscht d'Temperaturgefäll no baussen transportéiert an do ofgestraalt, woubäi d'Relatioun tëscht der Wellelängt vum ausgestraalte Liicht an der Uewerflächentemperatur vum Stär duerch d'Verréckelungsgesetz vum Wien ginn ass.

Well een net an der Lag ass d'Temperatur vum Stär direkt ze moossen, wuel awer d'Wellelängt vun der fräigesater Stralung, kann een op déi Aart a Weis d'Uewerflächentemperatur vum Stär indirekt erausfannen. Am Fall vun eiser Sonn, mat enger Photosphärentemperatur vu ronn 5.800 Kelvin, ergëtt dat eng Wellelängt vu ronn 500 nm, woubäi dee Wellelängteberäich zum siichtbare Liicht gehéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]