Päinetsch

Vu Wikipedia
Päinetsch
Spinacia oleracea
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Caryophyllales
Famill Fuusseschwanzplanzen
Gattung Päinetsch
Wëssenschaftlechen Numm
Spinacia oleracea
L. 1753


De Päinetsch (haut dacks Spinat genannt) (Spinacia oleracea) ass eng Bléieplanz aus der Famill vun de Fuusseschwanzplanzen (Amaranthaceae). En huet 20 – 30 cm héich Stiller a laang gestillten, dräieckeg, kräfteg gréng Blieder.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Päinetsch gouf warscheinlech fir d'éischt am Kaukasus, an Turkestan an am Iran an d'Kultur opgeholl. Am Kaukasus existéiert nämlech eng Aart, déi dem Päinetsch gläicht, de Spinacia turcestanica. D'Araber hunn e mat a Spuenien bruecht. Am 13. Joerhonnert koum en du fir d'éischt a Mëtteleuropa un a war am 16. Joerhonnert wäit verbreet.

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

De Päinetsch kann ee réi, als Zalot oder gekacht iessen.

Inhaltsstoffer[änneren | Quelltext änneren]

Päinetsch ass kalorienaarm an huet en héije Gehalt u Mineralestoffer, wéi Kalium, Kalzium, Magnesium, Eisen a Mangan, an och Vitaminnen, wéi de β-Karotin (och Provitaminn A genannt, eng Virstuf vum Vitaminn A), Vitaminne vun der B-Grupp, Vitaminn K, Vitaminn C an Eewäiss. Doriwwer eraus fënnt een am Päinetsch Oxalsaier.

Gesondheetswäert[änneren | Quelltext änneren]

Trotz sengem héijen Eisegehalt ass et kee gudden Eiseliwwerant, well d'Oxalsaier d'Eiseverwäertung hemmt. Päinetsch soll och net direkt nom Erhëtze giess ginn an op kee Fall erëm opgewiermt ginn, well sech den Nitrat zu engem gëftege Stoff ëmwandele kann. Giichtpatiente solle sech am Allgemenge wéinst sengem héije Puringehalt vum Spinat ewechhalen.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

De Popeye the Sailor, eng Figur aus Zeechentrickfilmer vum Dave Fleischer, ass bekannt dofir, datt hie Kéip vu Päinetsch verdillegt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spinacia oleracea – Biller, Videoen oder Audiodateien