Proves

Vu Wikipedia


Proves
Land Italien
Regioun Trentino-Südtiroul
Provënz Südtiroul
Koordinaten 46°28'38,734"N, 11°1'20,773"O
Fläch 18,37 km²
Awunner 254 (1. Januar 2023)
Héicht 1420 m
ISTAT 021069

Proves (de: Proveis) ass eng kleng italieenesch Gemeng an der Provënz Südtiroul an der Regioun Trentino-Südtiroul.

Et ass eng Gemeng déi haaptsächlech vun der Landwirtschaft lieft, an der Uertschaft selwer gëtt nëmmen eng gutt dräi Dosen Haiser, de Rescht si Bauerenhäff déi wäit ronderëm verspreet leien.

D'Uertschaft déi op enger Héicht vu 1.420 Meter läit, huet nëmmen een Haaptaccès iwwer d'Provënzstrooss SP86. Soss ka se just iwwer Feldweeër erreecht ginn déi vun anere klengen Uertschafte ronderëm dohi féieren.

An der Uertschaft gëtt et puer schéin al Bauerenhäff, déi an den Häff selwer oder un de Fassaden, aalt landwirtschaftlecht Geschier ausgestallt hunn. Vill Diech si mat Schëndele gedeckt déi mat Late gehale sinn an op deene Steng leien.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Cagnò, Lauregno, Rumo, Ultimo

Proves vu Süde gesinn

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Proveis – Biller, Videoen oder Audiodateien