Hill

Vu Wikipedia
D'Hill zu Eupen am Uertsdeel Hütte
Zesummelaf vun Hill a Weser (riets d'Hill)

D'Hill (fr: Helle) ass e Floss an der belscher Provënz Léck an en Niewefloss vun der Weser.

D'Hill entspréngt no bei der héchster Plaz vun der Belsch, dem Signal de Botrange. No engem Laf vu ronn 25 km leeft se an der Unterstadt vun Eupen an d'Weser.

Déi wichtegst Nieweflëss sinn de Spoorbach d'Soor an de Ruisseau des Waldages. Um Zesummefloss vun der Hill an dem Spoorbach gëtt et eng geologesch intressant Plaz. An enger Steekaul fënnt een do den Tonalit dat eenzegt Gestengs am Oste vun der Belsch dat vulkanesch Originnen huet.

1952, gouf eng kleng Talspär an e 1.500 Meter laangen Tunnel ugeluecht, fir eng Parti vum Waasser an d'Wesertalspär ze deviéieren. Den Tunnel verbënnt d'Hill mat der Getz, déi kuerz duerno an de Séi vun der Talspär leeft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hill – Biller, Videoen oder Audiodateien