Fritz Klein (Historiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Fritz Klein. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Fritz Klein.
Fritz Klein
Gebuer 11. Juli 1924
Berlin
Gestuerwen 26. Mee 2011
Berlin
Nationalitéit Däitschland, Däitsch Demokratesch Republik, Däitscht Räich
Aktivitéit Historiker

De Fritz Klein, gebuer den 11. Juli 1924 zu Berlin an och do gestuerwen de 26. Mee 2011, war en DDR-Historiker. Am Joer 2000 huet e seng Autobiographie publizéiert. A senge Memoire versicht en ënner anerem seng Aarbecht als DDR-Historiker ze legitiméieren.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Privat[änneren | Quelltext änneren]

De Fritz Klein gouf als eelste vu 4 Jonge vum Gertrud, geb. Orendt, a vum Michael Arthur Friedrich Klein zu Berlin gebuer. Seng Eltere sinn 1922 vu Sibiu ob Berlin gezunn, nodeem säi Papp, een däitschnationalistesche Journalist, en héije Poste bei der "Deutschen Allgemeinen Zeitung" ugeholl hat. Seng Eltere stamen aus Siebenbürgen a se hu sech der däitschsproocheger Minoritéit ugehéireg gefillt. Duerch de Friddensvertrag vu Versailles gouf Siebenbürgen 1920 Rumänien zougesprach.

1934 ass säi Papp bei engem Trainingsausrëtt bei der Wehrmacht vum Päerd gefall an dobäi déidlech verongléckt, 1938 hunn hien a seng Bridder hir Mamm verluer, déi d'Tuberkulos erwëscht hat a sech net dovu konnt erhuelen. Si ass zu Davos gestuerwen. Säi jéngere Brudder an hie si vun enger Fleegefamill opgeholl ginn, der Famill Deiters, hir méi jonk Zwillingsbridder si bei der Groussmamm vun der Mamm hirer Säit ënnerkomm. An der Fleegefamill huet de Fritz Klein seng zukünfteg Fra, déi 2 Joer méi jonk Anna-Dorothea Deiters, kennegeléiert.

1945, nom Zweete Weltkrich, huet e seng fréier Fleegefamill Deiters zu Berlin opgesicht. 1947 huet e sech mam Anna-Dorothea Deiters bestuet a si sinn d'Eltere vun 3 Kanner ginn, dem Wolfgang, dem Max an dem Katharina. Seng Kanner hunn alleguer e Studium mat Erfolleg ofgeschloss, de Wolfgang a Literaturgeschicht, de Max a Physik an d'Katharina als Diplom-Restauratorin.

Akadeemesch/Berufflech[änneren | Quelltext änneren]

De Fritz Klein ass vun 1934 op de Bismarck-Gymnasium am Staddeel Wilmersdorf gaangen, a vun 1938, nodeem seng Mamm gestuerwe war an hien a säi Brudder vun der Famill Deiters opgeholl goufen, op den Zehlendorfer Gymnasium, wou en och säin Abitur bestanen huet. Vum Studiejoer 1946 un huet e sech op der Universitéit zu Berlin ageschriwwen. Déi Universitéit gouf vun 1949 un zur Humboldt Universitéit zu Berlin. Am éischte Semester ass d'Fach Geschicht net ugebuede ginn, en huet du mat Germanistik ugefaangen. Vum Wantersemester 46/47 u konnt en dunn als Haaptfach Geschicht nieft Germanistik a Philosophie studéieren, éier en 1952 säi Studium erfollegräich mat senger Dissertatioun "Die diplomatischen Beziehungen Deutschlands zur Sowjetunion 1917-1932" ofschléisse konnt.

1952 krut en eng Aarbecht beim neigegrënnte "Museum für deutsche Geschichte", wou en de Poste vum stellvertriedende Chef vun der Abteilung 1919-1945 iwwerholl huet. 1953 huet e seng Ustellung am Musée opginn, fir bei der neigegrënnter Fachzäitschrëft "Zeitschrift für Geschichtswissenschaft" als Chefredakter ze fungéieren, wou him 1957 wéinst politeschen Ëmstänn gekënnegt gouf. 1957 gouf en als wëssenschaftlechen Oberassistent an dem Institut fir Geschicht un der Akademie fir Wëssenschaften ugestallt, ausserdeem war en zanter 1956 och an engem "Autorenkollektiv" virgesinn, där hir Aufgab dora sollt bestoen, eng marxistesch-leninistesch Duerstellung vun der däitscher Geschicht vun den Ufäng bis zur Géigewaart auszeschaffen, an dat an e puer Bänn. 1958 krut en dunn d'Aufgab ënner senger Leedung eng "Geschichte Deutschlands im ersten Weltkrieg" an e puer Bänn auszeschaffen, déi 1968/69 publizéiert gouf. 1970 konnt en, bedéngt duerch eng Reform vum Wëssenschaftsbetrib 1968/69, och als Member vun der Akademie, zum Professer ernannt ginn.

Vun 1973 u war e Leeder vum Wëssenschaftsberäich "Allgemeine Geschichte", deen zum "Zentralinstitut für Geschichte" gehéiert huet, an dat bis 1986.

1978 ass eng bilateral Historikerkommissioun DDR-Rumänien gegrënnt ginn, där hir Geschécker en ob DDR-Säit iwwerholl huet. Wärend senger ganzer Carrière am Déngscht vun der DDR-Geschichtswëssenschaft huet de Fritz Klein op ville berufflechen Auslandsreesen, op Kongresser a Colloquien, Kontakter zu westlechen Historiker geknëppt, ënner anerem war hien 1975 a 1984 e puer Méint an den USA, wou en ob verschiddenen Universitéite Studien zu senge Fuerschungsschwéierpunkte konnt bewältegen an och Virliesunge gehalen huet. Duerno war de Fritz Klein bis zu senger Pensioun am Joer 1989 Leeder vum Beräich "Imperialistische Hauptländer".

1991-92 war e Member an enger Kommissioun vun der Humboldt-Universitéit, déi den Optrag vum Berliner Senat hat en Erneierungsprozess unzedreiwen, fir DDR-Wëssenschaftler am BRD-Wëssenschaftsbetrib ënnerzekréien. Opgrond vu senger deemoleger Positioun an där Kommissioun, déi ënner anerem och dofir zoustänneg war Empfeelungen iwwer DDR-Wëssenschaftler unzeleeën, ob se méiglecherweis am BRD-Wëssenschaftsbetrib ënnerzebrénge wieren, huet de Fritz Klein sech dozou bereet erkläert, vun der Gauck-Behörde ënner d'Lupp geholl ze ginn.

Deelhuelen um politesche Geschéien[änneren | Quelltext änneren]

Wärend dem Zweete Weltkrich war de Fritz Klein bei der Wehrmacht, an déi e sech no sengem Abitur fräiwëlleg gemellt hat. Nom Krich war e kuerzzäiteg an amerikanesch-brittescher Gefaangenschaft. No senger Flucht ass hien 1946 der KPD bäigetrueden, déi am selwechte Joer mat der SPD zur SED zwangsvereenegt gouf. Fir datt e konnt berufflech an d'Ausland reesen, huet e missen als Informant fir d'Stasi Berichter iwwer seng Openthalter am Ausland schreiwen. Dës Verflechtung mam Sécherheetsapparat vun der DDR ass 1992 vun der Gauck-Behörde opgedeckt ginn.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Seng Léiermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Zu senge Léiermeeschteren zielt de Fritz Klein den Ernst Niekisch, de Jürgen Kuczynski, sou wéi säin Dokterpapp den Alfred Meusel.

Verëffentlechungen[änneren | Quelltext änneren]

En huet als Editeur un engem 3 bännege Wierk iwwer Däitschland am Éischte Weltkrich matgewierkt, dat 1968/69 verëffentlecht gouf. Weider Publikatiounen, och als Editeur, goufen 1976, 1980 an 1984 verwierklecht.

2000 ass dem Fritz Klein seng Autobiographie verëffentlecht ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  • Heinze, Carsten, Identität und Geschichte in autobiographischen Lebenskonstruktionen. Jüdische und nicht-jüdische Vergangenheitsbearbeitungen in Ost- und Westdeutschland, Wiesbaden 2009.
  • Klein, Fritz, Drinnen und Draussen. Ein Historiker in der DDR: Erinnerungen, Frankfurt am Main 2000.
  • Raphael, Lutz, Geschichtswissenschaft im Zeitalter der Extreme. Theorien, Methoden, Tendenzen von 1900 bis zur Gegenwart, München 2003.