Majuskel

Vu Wikipedia
Klassesch Capitalis Monumentalis um Titusbou

Majuskel (Plural Majuskelen, ‚eppes méi grouss‘) ass an der Typographie e Fachbegrëff fir d'Groussbuschtawe vum Alphabet a gläichzäiteg eng Auszeechnungsart fir Buschtawe. E Schrëftsaz aus Majuskelen ass eng Majuskelschrëft resp eng Kapitalschrëft[1],[2].

De synonyme Gebrauch vun der Bezeechnung Versalbuschtawen oder Versal (Pl. Versalien) ass gängeg Dréckersprooch, awer etymologesch gesinn ongenee. Versal ass vum laténgesche versus‚ Zeil, Ofsaz, ofgeleet a bezeechent eigentlech déi grouss, an alen Handschrëften a fréieren Dréck dacks bemoolten Ufanksbuschtawen (Initialen) vun Ofsätz a Verszeilen.

Majuskel a Minuskel

Ënnerscheedung[änneren | Quelltext änneren]

Majuskel ginn a véier Zäitepochen agedeelt:

  • Griichesch Majuskel (9. bis 3. Joerhonnert v. Chr.) am Ënnerscheed zu der griichescher Unzial (3. Jhdt. vor bis 12. n. Chr.) an der spéiderer griichescher Minuskel
  • Réimesch Majuskel: (Capitalis) (7. Jhdt. vir bis 5. n. Chr.) an Unzial (4. bis 8. Joerhonnert n. Chr.), déi och eng Majuskelschrëft ass, Hallefunzial als Iwwerganksform op d'Minuskel
  • Gotesch Majuskel (13. a 14. Joerhonnert), eng reng epigraphesch Schrëft, déi bei Opschrëften, fréigoteschen (Enn des 11. bis zum 13. Joerhonnert), goteschen (14. Joerhonnert) a spéitgoteschen (16. Joerhonnert) Minuskele géigeniwwerstinn.

Majuskel- resp. Kapitalschrëft[änneren | Quelltext änneren]

Neizäitlech Versioun vun der Capitalis Monumentalis: Onklassesch sinn d'Lettere J, U a W souwéi d'ënnerschidlech Stréchdéckten an d'Schläif zum Kreepche vum Q.

Eng Majuskel- oder Versalschrëft ass eng Schrëft vum Drockwiesen, an där all Buschtawe Majuskele sinn. Am Géigesaz zu Kapitälchen ass d'Buschtawenhéicht dobäi konstant. Als Schreifschrëft ass si eng Form vun der Blockschrëft. Fir datt Majuskelschrëft gutt liesbar ass, soll si ëm ongeféier zéng Prozent méi kleng wéi d'Majuskele vum normalen Text a liicht espacéiert sinn. Domat erreecht ee méi e gläichméissege Growäert op der Textsäit. E Beispill fir Majuskelschrëft ass d'Capitalis Monumentalis, déi sech zu Roum bis ongeféier 100 v. Chr. ausgebilt huet. Si déngt als Grondlag fir d'Entwécklung vun eisen haitege Groussbuschtawen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lexikon, Kapitalschrift Archivéiert op 2011-09-07. Gekuckt de(n) 2011-09-29.
  2. Lexikon 2, Kapitalschrift

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Capital letters – Biller, Videoen oder Audiodateien