William Frederick Denning

Vu Wikipedia
William Frederick Denning
Gebuer 25. November 1848
Gestuerwen 9. Juni 1931
Bristol
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom

De William Frederick Denning, gebuer de 25. November 1848 zu Redpost am Somerset a gestuerwen den 9. Juni 1931 zu Bristol war en engleschen Astronom.

Hien huet vill Zäit mam Opfanne vu Koméite verbruecht, wat him och gelongen ass. Zu sengen Entdeckunge gehéieren de periodesche Koméit 72D/Denning-Fujikawa an deen an der Tëschenzäit verluerene Koméit D/1894 F1.

Hien hat ausserdeem Meteore gesicht an ënnersicht. Hien huet och no Novae gesicht an dobäi d'Nova Cygni 1920 entdeckt.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie