Derbent

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Derbent
Land Russland
Federatiounskrees Nordkaukasus
Status Republik
Regioun Dagestan
Awunner 123.720 (1. Januar 2018)
Fläch 69.63
Koordinaten 42°4'9"N, 48°17'45"O
Zäitzon UTC+3
Postcode 368600
Websäit http://www.derbent.ru/


Vue op Derbent

Derbent (Lesgesch Кьвевар, russ. Дербент) ass déi südlechst an zugläich eelst Groussstad vu Russland. Si läit um südleche Rand vun der russescher Deelrepublik Dagestan an huet ronn 120.000 Awunner (Stand 2010).

Den Numm kënnt aus dem Perseschen (دربند - "Darband") a bedeit "enk Paart". Deen huet se net gestuel, well si läit op enger just 3 Kilometer breeder Landsträif tëscht de kaukasesche Bierger an dem Kaspesche Mier, an hir Befestegungen hu wärend enger 1.500 Joer laang d'Strooss tëscht der dagestanescher Haaptstad Machatschkala an der aserbaidschanescher Haaptstad Baku kontrolléiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Reschter vun der Derbenter Festung am Wanter

Derbent steet zanter 2003 op der Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwen, kuckeswäert ass seng Festung grad wéi och d'Alstad mat hire Stadmaueren, der Zitadell, de Bieder an den Zisternen.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisst Volleksgrupp stellen d'Lesgier, déi zum Islam konvertéiert sinn.

Iwwer 80% vun de 4.997 Armeenier am Dagestan (Stand 2010) konzentréiere sech zu Derbent. D'Stad huet och eng armeenesch Kierch, déi awer an den 1990er Jore vun de lokalen Autoritéiten an e Musée ëmgewandelt gouf, soudatt déi Gleeweg sech elo all an der russesch-orthodoxer Kierch versammelen.

Joer  Awunner 
1897 14.649
1939 34.052
1959 47.318
1970 57.192
1979 69.575
1989 78.371
2002 101.031
2010 119.200

Bekannt Derbenter[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Derbent – Biller, Videoen oder Audiodateien