Colonnes infernales

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée 


Den Numm Colonnes infernales kruten d'militäresch Operatioune vum Generol Turreau am Krich an der Vendée, fir all Resistenzen an der Vendée z'eliminéieren, nodeem d'Virée de Galerne kee kompletten Erfolleg war.

No Savenay kruten de La Rochejaquelein an de Stofflet, déi iwwer d'Loire komm waren, Gesellschaft vun e puer Dausend Flüchtlichen. De Charette, deen net un der « Virée de Galerne » deelgeholl hat, hat de Marais a sengen Hänn. Éier et nees zu engem Klengkrich komme sollt, hunn d'Bleus d'Exekutioun vum Dekreet vum 1. August 1793 gefuerdert, d'« destruction de la Vendée ». Als Chefgenerol vun der Armée de l'Ouest, och wann hien e Ci-devant war, huet de Generol Turreau e Plang vu Kolonne virgeschloen, déi hie « Colonnes infernales » gedeeft huet. De Comité de salut public huet him net déi gréng Luucht ginn, déi hie sech erhofft hat, a sou huet hie sech missen domat zefridde ginn, d'Decisioune vun der Convention duerchzesetzen, andeems hien « l'esprit et les termes » vun den Dekreter respektéiert huet.

De 17. Februar gouf de Plang ëmgesat mat zwou Arméien, déi a 6 Kolonnen ënnerdeelt goufen, a wouvun eng no Westen an eng no Oste gezunn ass. D'Cheffe vun de Kolonnen hunn awer d'Uerder vu systematescher Zerstéierung net applizéiert. D'Membere vun der Commission civile et administrative vun Nantes, déi Liewensmëttel a Véi fir d'Arméie matbrénge sollten, si mat den Arméie matgezunn, wat vill Liewen an den Uertschafte gerett huet. Verschidde Kolonnen hunn allerdéngs och geplëmmt, an d'Zivilbevëlkerung massakréiert, si hu ganz Dierfer verbrannt an alles ëmbruecht wat si gesinn hunn, och d'Hausdéieren. D'Kolonnen hunn allerdéngs d'Revolt net zerstéiert, si hunn dozou gefouert, datt sech Dausenden de Bande vu Charette a Stofflet ugeschloss hunn, wouduerch d'Guerilla ëmmer méi schlëmm ginn ass[1]. An dëser Period koum et och nees zu Praktiken, déi aus dem Ancien Régime bekannt waren: « Sur décision d'une commission militaire, les têtes de quelques Vendéens et chouans notables, dont celle du prince de Talmond, sont mêmes exposées après décapitation pour épouvanter le public. »[2]

De Louis Marie Turreau gouf schlussendlech de 17. Mee 1794 suspendéiert, an d'Aktivitéit vun de Colonnes infernales huet progressiv ofgeholl. De Comité de salut public huet d'Staatsgeschäfter nees an d'Hand geholl, an, « au prix d'une utilisation des mots d'ordre les plus fermes et d'une détermination de fer », krut d'Gewalt am Land nees ënner Kontroll[3].

Jee no Auteur läit de Bilan vun dëse Massakeren tëscht 20.000 an 200.000 Doudeger[4]. Eng honnert Dierfer goufe verbrannt, mä net all d'Awunner sinn dobäi ëm d'Liewe komm, vill Leit konnten an d'Bëscher an an de Bocage flüchten, an hu sech den Opstännegen ugeschloss[4]. D'Vendée huet nach laang d'Erënnerung un de Passage vun de Colonnes infernales behalen, déi an engem Saz mat den Dragonnade vum Louis XIV. genannt goufen, souwuel an der Landschaft wéi och an de Mentalitéiten.

Fir de Jean-Clément Martin:

Après la victoire de Savenay, l'armée révolutionnaire hésite entre une occupation militaire stricte, prônée par Marceau et Kléber, et la destruction des bandes insurgées toujours actives. Le commandant en chef Turreau se rallie à cette deuxième solution en se couvrant des décrets d'août et d'octobre 1793, mais en laissant ses généraux libres d'appliquer les clauses de protection des populations désarmées - malgré la réitération des ordres de la Convention. Quelques généraux maintiennent une discipline militaire qui préserve les ruraux. D'autres engagent leurs soldats dans une opération de dévastation. Organisés en colonnes « incendiaires », baptisées « infernales », les républicains massacrent, brûlent et violent sur leur passage, essentiellement dans le Pays nantais et dans les Mauges (les autres zones étant plus ou moins protégées par des généraux hostiles à ces pratiques, ou par des représentants en mission jaloux de leurs prérogatives). Les destructions sont importantes, quoique aléatoires et souvent inefficaces, ressuscitant la résistance rurale là où elle avait disparu et achevant d'unifier la région Vendée autour des chefs insurgés.[5]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Louis-Marie Clénet, Les colonnes infernales, Perrin, Paräis, 1993. (ISBN 2-262-00927-9)
  • Charles Foley, Les Colonnes infernales, Y. Salmon, Vézin-le-Coquet, 1988. (ISBN 2-903414-38-6)
  • Elie Fournier, Turreau et les colonnes infernales, Albin Michel, Paräis, 1993. (ISBN 2-226-02524-3)
  • Simone Loidreau, Les colonnes infernales en Vendée, Éditions du Choletais, Cholet, 1994. (ISBN 2-902052-74-X)
  • Pierre-Marie Gaborit, Les 12 colonnes infernales de Turreau, Pays et terroirs, Cholet, 1995. (ISBN 2-908048-20-5)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Roger Dupuy, "La République jacobine, Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794", Band 2 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, Éditions du Seuil, 2005, S. 267-268.
  2. Jean-Clément Martin, Violence et Révolution. Essai sur la naissance d'un mythe national, Éd. du Seuil, 2006, S. 204.
  3. Jean-Clément Martin, op.cit., S. 213-221.
  4. 4,0 4,1 Roger Dupuy, op.cit., S. 268-269.
  5. Jean-Clément Martin, Révolution, Contre-Révolution et Nation en France, 1789-1799, 1998.