Diskussioun:Ben Hoscheit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"a spillt zënter hin am Lycée ass am Cabaret Geoghelli vum Escher Jongelycée mat." Do ass eppes. --Cornischong 09:40, 24 Oktober 2006 (UTC)

Kanns de bësselche méi konkret ginn. --Tomateus 09:46, 24 Oktober 2006 (UTC)

Ech verstinn de Saz net.--Cornischong 09:50, 24 Oktober 2006 (UTC)

Hei gouf d'Gebuertsjoer vun 1993 op 1992 g'ännert vun enger IP. Kann een dat nokucken? --Cornischong 01:24, 25 Februar 2007 (UTC)

Dat wat ech fonnt hunn ass dat hei http://www.perloderpica.com/hoscheit.html Dat hëlleft eis awer net weider, well just vum Alter an net vum Gebuertsjoer rieds geet. Eng aner Quell ass nach http://www.revue.lu/teaser.php?id=647 --Tomateus 07:39, 25 Februar 2007 (UTC)

Gudden owend,

Dës Fro betrëfft net nëmmen dësen Artikel.

Hei steet en ass de Moment a.s.w.

Sollen esou Affirmatiounen déi zwar richteg sinn am Artikel stoen. Dëst implizéiert datt permanent e Suivi vum Artikel gemaach muss ginn. Wie garantéiert dat.

Les Meloures 22:48, 20 Abrëll 2007 (UTC)

Moien,

ech änneren, wou ech et gesinn, Audréck mat begrenztem zäitleche Bezuch, wéi "dëst Joer", "am Moment", asw. duerch eng méi bestänneg, ewéi d'Joreszuel.

Hei am Artikel ~fannen ech deen neie Saz iwwerflësseg; et geet duer, ze soen, datt en am (Jonge)lycée ass.

--Zinneke 08:10, 21 Abrëll 2007 (UTC)