Op den Inhalt sprangen

Eugène Mousset

Vu Wikipedia
Eugène Mousset
Den Eugène Mousset (1938)
Gebuertsnumm Johann Michel Eugen Mousset
Gebuer 26. September 1877
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 14. Februar 1941
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Konschtprofesser

De Johann Michel Eugen Mousset[1], och bekannt als Eugène Mousset, gebuer de 26. September 1877 zu Esch-Uelzecht an och do gestuerwen de 14. Februar 1941, war e lëtzebuergesche Moler.

Hien ass virun allem fir seng Landschaftsbiller a besonnesch fir seng Biller vu Schnéilandschafte bekannt.[2][3][4][5][3]

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Eugène Musset

Den Eugène Mousset gouf zu Esch-Uelzecht als Kand vum François Mousset an der Marie-Angélique Dutreux gebuer. Säi Papp hat an der Escher Groussgaass op der Nummer 30 eng Bäckerei.

Den Eugène Mousset wollt schonn als Kand Moler ginn. Am Alter vu 15 Joer koum hi fir ee Joer als Schüler bei de Professor Michel Engels am Stater Athénée. En anere Schüler vum Engels zur selwechter Zäit war den Dominique Lang. Ëm 1895 huet hien dunn op der Konschtakademie zu Karlsruhe studéiert, déi hien awer verlooss huet fir am Atelier vun engem lokale Moler ze schaffen. Duerno ass hien op der Akademie vu München gelant, wou hien ee Joer laang bliwwen ass. Nodeems hien e Bréif vum Dominique Lang krut, deen deemools op der Akademie vun Antwerpen studéiert huet, ass och den Eugène Mousset an d'Belsch gewiesselt.[2][6]

Zu Antwerpen huet hien ënner anerem Kopië vun de Biller vum Rubens a Van Dyck gemaach, mee gouf no dräi Joer awer vun der Akademie gehäit, well e sech net geschéckt hat. Doropshin ass en op Paräis gaangen, wou e sechs Méint laang am Louvre geschafft huet. Do huet hien dem Millet säi Bild Le printemps, dem Guido Reni säi Christuskapp an aner Wierker kopéiert, éier en op der École des Beaux-Arts vu Paräis ugeholl gouf. Do huet hien nach e weidert halleft Joer ënnert dem William Bouguereau studéiert.[5]

1903 gouf him provisoresch den Zeechenunterrecht an der neier Escher Industrie- an Handelsschoul uvertraut an zwee Joer méi spéit krut hien eng fest Ustellung. 1925 gouf hien dunn zum Zeecheprofesser ernannt. Den Eugène Mousset huet 35 Joer op där Schoul ënnerriicht.[2][5][6]

1916 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe vum Cercle artistique de Luxembourg.[7]

Den Eugène Mousset gouf mam Offizéierskräiz am Hausuerde vum groussherzoglechen Haus Nassau an als Chevalier am Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent.[5][8]

1941 ass hien no kuerzer Krankheet am Alter vun 63 Joer zu Esch gestuerwen.[6] No sengem Doud gouf d'Rue Eugène Mousset zu Esch-Uelzecht no him benannt.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Dem Mousset seng Biller zielen zum Realismus an Impressionismus a goufen ënner anerem vun der École de Barbizon beaflosst.[2]

A senge fréiere Joren huet den Eugène Mousset och eng Rei Industriebiller gemoolt, déi Biergleit, Fabricken a Schmelzaarbechter gewisen hunn. Ee Beispill ass säi Bild Les Casseurs de fonte, dat hien um Salon vum Lëtzebuerger Konschtveräin ausstelle wollt an dat refuséiert gouf. Doropshin huet hien d'Bild op der Bréisseler Ausstellung ausgestallt.

Spéider huet hi sech haaptsächlech op Portraiten a Landschaftsmolerei spezialiséiert. Zu senge Liblingsmotiver hunn d'Hierscht- an d'Wanterlandschafte a senger Heemecht rondrëm Esch gezielt. Heefeg Motiver waren zum Beispill den Ellergronn mam Liègeois-Weier, d'Schneier an d'Heedefeldchen. Och de Rescht vum Minett mee och de Mëllerdall huet hie gemoolt.[2]

Vum 22. Oktober bis de 6. November 1977 war a senger Heemechtsstad Esch-Uelzecht an de Foyere vum Escher Theater eng grouss Ausstellung fir den 100. Gebuertsdag vum Kënschtler. 82 Biller vum Mousset, vun deenen déi meescht am Ueleg gemoolt waren, konnten do bewonnert ginn. Fënnef Joer méi spéit huet d'Lëtzebuerger Post en Timber mat enger Wanterlandschaft vum Mousset erausginn.[9]

Dem Mousset seng Wierker fënnt een haut an de Kollektioune vum Nationalmusée, der groussherzoglecher Famill, der Stad Esch an dem Escher Jongelycée, an a Privatkollektiounen.[10]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Haus[änneren | Quelltext änneren]

D'Mousset-Haus zu Esch.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mousset-Haus Esch-Uelzecht.

Säin Haus zu Esch-Uelzecht, dat hien 1905 als Wunnhaus an als Atelier baue gelooss huet, koum 2001 op den Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter. Zënter 2011 ass d'renovéiert Haus de Sëtz vum service culturel vun der Stad Esch.[10]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eugène Mousset – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. familysearch.org: Gebuertsakt vun der Escher Gemeng vum 27. September 1877
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 tageblatt.lu: Serie: Historisches und architektonisches Esch (21)e: Villa Mousset vum Denis Scuto (5. Mee 2020)
  3. 3,0 3,1 Atelierbesuch bei dem Meister der Schneelandschaft Eugen Mousset; Interview vum Mathias Weber mam Eugène Mousset an der A-Z Luxemburger Illustrierte, Nr. 17 vum 24. Abrëll 1938, S. 4-6
  4. Zum Tode des Malers Eugen Mousset, Escher Tageblatt, 15./16. Februar 1941, Säit 3
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 Der Werdegang eines Sechzigjährigen: Eugen Mousset, der Schneemaler 28.9.1877—28.8.1837, Luxemburger Wort Nr. 131 vum 10. Mee 1940, S. 7
  6. 6,0 6,1 6,2 Kunstmaler Eugen Mousset †, Luxemburger Wort, 15./16. Februar 1941, Säit 5
  7. cal.lu: LISTE DES LAUREATS: Prix Grand-Duc Adolphe (gekuckt den 2. Juni 2024)
  8. Avis - Ordre de la Couronne de Chêne, Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, 22. Januar 1935, Säit 108
  9. Den Timber op colnect.com
  10. 10,0 10,1 lequotidien: Eugène Mousset, le peintre eschois vum Jean Rhein (20. Dezember 2017)