Op den Inhalt sprangen

Jacques Hansen

Vu Wikipedia
Jacques Hansen
Gebuer 10. Juni 1950
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Juli 2016
Baaschtnech
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Jacques Hansen, gebuer den 10. Juni 1950 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 24. Juli 2016 zu Baaschtnech[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Croix-Rouge.[2]

Vun 1973 bis 1979 war de Jacques Hansen Commissaire à l'information vun der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.[3]

De Jacques Hansen huet seng berufflech Carrière bei der Caisse de pension des indépendants ugefaangen.[2] Vun 1986 bis 2012 war hien Direkter vun der Croix-Rouge. Vum 1. Januar 2013 u war hien an der Pensioun.[4]

2012 gouf de Jacques Hansen Grand Maître vun der Grande Loge de Luxembourg.[5]

Hie war de Brudder vum Physiker Jean-Pierre Hansen an den Enkel vum Professer Joseph Hansen. Hie war mat der Doktesch Danielle Koenig, der Duechter vum Fernand Koenig bestuet.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ahlborn, Henri & Marc Crochet: Jacques Hansen (1950-2016), directeur honoraire et membre du Conseil d'administration de la Croix-Rouge luxembourgeoise. Luxemburger Wort 2016-11-21, S. 57.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 2016-07-26, S. 30 (avis mortuaires).
  2. 2,0 2,1 2,2 Ahlborn & Crochet 2016.
  3. Historique FNEL Archivéiert de(n) 2016-12-29. Gekuckt de(n) 2016-11-27.
  4. Jacques Hansen, 26 ans au service des plus vulnérables. Croix-Rouge luxembourgeoise. Archivéiert de(n) 2017-01-02. Gekuckt de(n) 2016-11-24.
  5. Jacques Hansen neuer Großmeister der Freimaurer. Lëtzebuerg Privat, 5. November 2012. Archivéiert de(n) 2016-09-23. Gekuckt de(n) 2016-11-24.