Jean-Pierre Adam

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Adam
Den Adams Menn (2011), Foto: François Besch
Gebuer 5. August 1941
Diddeleng
Gestuerwen 13. Januar 2014
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Graveur

De Jean-Pierre Adam (Adams Menn), gebuer de 5. August 1941 zu Diddeleng[1] a gestuerwen den 13. Januar 2014[2] war e Lëtzebuerger Moler, Graveur a Sculpteur.

De Jean-Pierre Adam huet als Schmelzaarbechter geschafft. Duerno huet hien zu Zürich op der École nationale d'art décoratif studéiert an zu Aubusson an der Tapisserie geschafft.

1974 huet hien d'Académie d'été zu Lëtzebuerg gegrënnt.

1989 huet hie sech mat senger Famill zu La Barben a Südfrankräich, bei Salon-de-Provence, etabléiert. Eng 18 Joer duerno ass hien op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet zanterhier a sengem Atelier zu Diddeleng am Agank vum Quartier Italien geschafft.[3]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. H. Lambert, 1992. Anthologie des arts au Luxembourg.
  2. "Der Künstler Jean-Pierre Adam ist tot." wort.lu, 14.01.14 17:00.
  3. Tageblatt vum 5. August 2011