Lynn Bei
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lynn Bei | |
---|---|
Gebuer | 4. August 1988 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Golkipp |
Veräin/Ekipp | FC Mamer 32 |
D'Lynn Bei, gebuer de 4. August[1],[2] 1988 zu Esch/Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Foussballspillerin, déi als Golkipp gespillt huet. Si war eng Spillerin vum FC Mamer 32[3].
Ugefaangen huet d'Lynn Bei als Kand an hierem Heemeschtsveräin dem FC Monnerech, ier si 2000 bei d'Damme vum Progrès Nidderkuer gewiësselt ass. Vun 2002 bis 2010 huet d'Bei beim CS Uewerkuer gespillt, wou hinnen den Opstig an déi éischt Liga gelongen ass a si eng ganz Rëtsch Finallen am Futsal erreecht hunn. Vun 2010 un huet d'Lynn Bei beim FC Mamer an der éischter Equipe gespillt, wou si 2010 d'Halemeeschterschaft an 2017 d'Coupe gewonnen hunn.
Säit 2008 fir d'FLF am Asaz, huet d'Bei 2014 an 2015 bei Prequalifikatiounen véiermol fir d' lëtzebuergesch Dammefoussballnationalekipp gespillt[3].
Säit 2020 huet d'Bei verletzungsbedingt net méi gespillt an sech aus dem aktive Foussball zréckgezunn.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer