Op den Inhalt sprangen

Marc Theis

Vu Wikipedia
Marc Theis
Gebuer 18. Abrëll 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Saachbuchauteur

De Marc Theis, gebuer den 18. Abrëll 1953 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Fotograf.

Hien ass a Frankräich an zu Diddeleng opgewuess an huet fir Dekorateur a Schrëftsetzer geléiert. 1971 huet en op der Lazi Akademie zu Stuttgart Graphik a Konscht studéiert. Hien huet sech 1976 zu Hannover installéiert (wou en haut nach wunnt) an do fir d'éischt als Fotograf op der Medezins-Fakultéit, duerno 5 Joer laang am Publicitéitsrayon vum Tourismuskonzern TUI, geschafft.

Zanterhier ass e fräischafende Fotograf. Hien huet ë. a. fir d'Sennheiser-Mikrophone bekannt Museker fotograféiert.

D'Portraiten op den Timberen déi d'Lëtzebuerger Post am Joer 2000 wéi den Groussherzog Henri op den Troun koum, erausginn huet, si vum Marc Theis[2].

Beim Nikon Photo Contest International 1985/1986 huet hie mat senger Foto "Strandläufer" d'Goldmedail fir déi bescht Faarffoto gewonnen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marc Theis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 420
  2. Avènement au trône