Op den Inhalt sprangen

Nomenklatur

Vu Wikipedia
Plinius den Alen

Eng Nomenklatur ass eng fir spezifesch Beräicher zwéngend gëlteg Referenzlëscht vu Bezeechnungen aus engem bestëmmte Gebitt.

D'Wuert kënnt vum laténgeschen "nomenclator". Dëst war e Sklav, dee bei engem Iessen d'Nimm vun de Persounen a vun de Platen haart opgesot huet, wa se an de Sall erakoume respektiv eragedroe goufen.

De Plinius den Alen (23-79) huet als éischten a senger Naturgeschicht "Historia naturalis" d'Wuert "nomenclatura" an deem Sënn gebraucht, wéi mir en haut kennen. Den Naturalist Georges-Louis Leclerc de Buffon (1707-1788) huet den zwéngende Gebrauch vun enger spezifescher Nomenklatur a moderne Wëssenschaften oder Techniken agefouert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]