Politiker

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Politiker oder eng Politikerin ass eng Persoun, déi eng politesch Funktioun huet. Dat kann op nationalem Niveau sinn (als Member vun enger Regierung oder als Deputéierten an engem Parlament), jee nodeem op regionalem Niveau, z. B. an engem Legislativ- oder Exekutivorgan vun enger Regioun, enger Provënz, oder engem Kanton, oder op lokalem Niveau (an enger Gemeng), souwéi och parteipolitesch, also an enger politescher Partei. Och eng Persoun, déi fir e politescht Mandat kandidéiert, kann als Politiker bezeechent ginn.

Et gëtt en Ënnerscheed tëscht dem Beruffspolitiker, dee Politik haaptberufflech mécht an derfir bezuelt gëtt, an dem Politiker, dee seng Funktioun éierenamtlech mécht, an net derfir bezuelt gëtt.