Schabloun:WDS 11. Juni
- ... de Seechomessenniwwel, e planetareschen Niwwel, sou genannt gëtt, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht?
- ... de lëtzebuergesche Schauspiller Joseph Noerden tëscht 1949 an 1953 am Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble gespillt huet?
- ... d'Schluecht vu Valmy zwar keng eendeiteg taktesch Resultater ervirbruecht huet, mä e grousse symbolesche Wäert hat, well se als déi éischt franséisch Victoire no der Franséischer Revolutioun gefeiert gouf?
- ... de Sendemast vun Housen mat 300 Meter dat héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg ass?
- ... de Lëtzebuerger Frang tëscht 1935 an 1941 e Véierels méi wäert war wéi dee Belschen, nom Krich awer nees zu enger Paritéit vun 1:1 erëmagefouert gouf?