... am August 1792, wärend dem éischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten mat enger 40.000 Mann, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen huet?
... d'Reichenbach-Waasserfäll am Kanton Bern, duerch den Arthur Conan Doyle international bekannt goufen, well do deem seng Romanfigur Sherlock Holmes an The Adventure of the Final Problem zesumme mat sengem Feind, dem Professer Moriarty, erofgefall ass?
... am Sëtzungssall vum Hôtel des Terres Rouges (haut de Sëtz vum Kulturministère) véier Medaillone mat Zeenen aus der Stolindustrie an de Boiserien integréiert sinn?
... de Bierg Ararat, deen d'Nationalsymbol vun den Armeenier ass an um Wope vun Armenien drop ass, haut an der Tierkei läit?