Schabloun:WDS 15. Mee
- ... d'Bäerbelekierch zu Crusnes déi eenzeg Kierch a Frankräich ass, déi ganz aus Eise gebaut ass?
- … de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
- ... Lëtzebuerg (via RTL) tëscht 1956 an 1993 am Ganze siwenandrëssegmol beim Eurovision Song Contest matgemaach huet an dëse fënnefmol gewonnen huet?
- ... dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?