… zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
... op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
… de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
... zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnëss e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?