Schabloun:WDS 24. Mee

Vu Wikipedia

* … déi sougenannt Offiziell Lëtzebuerger Orthographie déi éischt gesetzlech festgeluecht Schreifweis vum Lëtzebuergesche war, déi 1946 agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum Luxemburger Wörterbuch ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?

  • ...de Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
  • … d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
  • ... zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?
  • ... d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?