Sens unique

Vu Wikipedia

Mam Begrëff Sens unique oder Einban bezeechent een eng Strooss an där de Stroosseverkéier nëmmen an enger Richtung fueren däerf. De Benotzer gëtt mat entspriechende Stroosseschëlter op déi Reegelung higewisen. De Sens unique gëllt fir de ganzen Trafick, fir verschidde Gefierer oder Benotzer wéi Cyclisten, ëffentlechen Transport, etc, kann awer eng Ausnam bestoen, déi duerch speziell Zousazschëlter ugewise gëtt. De Géigendeel vun engem Sens unique ass eng Strooss mat Géigeverkéier.

De Prinzip vum Sens unique bestoung schonn am anticke Roum a gouf do benotzt fir de Verkéier an de schmuele Gaasse vun der Stad ze reegelen. Déi éischt Sens-uniquë vun der Neizäit goufe 1617 zu London ageriicht.

Zweck[änneren | Quelltext änneren]

E Sens unique kann ë. a. ageriicht gi fir:

  • de Verkéier – am Fall vun enger schmueler Fuerbunn mat vill Trafick – flësseg ze halen,
  • méi Stationéierungsplazen unzeleeën, ouni de fléissende Verkéier zevill ze stéieren,
  • den Duerchgangsverkéier ze limitéieren an doduerch zu enger Verkéiersberouegung bäizedroen,
  • méi héich Vitessen z'erméiglechen, duerch d'Reduktioun vun der Kollisiounsgefor mam Verkéier deen entgéint kënnt,
  • de Risk vun Accidenter wéinst oniwwersiichtleche Verkéierssituatiounen erofzesetzen.

Wéi ee sech an engem Sens unique verhale muss, an d'Schëlter vun enger Einban kënne vu Land zu Land variéieren.

Zu Lëtzebuerg gëtt de Sens unique entweeder mam Schëld E, 13a oder E, 13b gezeechent. Do wou een net an d'Strooss erafueren däerf, steet e Schëld C, 1a.

E Rondpoint oder Autobunne si streng geholl keng Sens-uniquen, well do déi entspriechend Schëlter feelen. Se däerfen awer par Definitioun nëmmen an enger Richtung befuer ginn. Bei den Ausfaarte vun den Autobunne stinn och dacks grad wéi bei Einbanstroosse Schëlter C, 1a fir ze weisen datt een do net däerf erafueren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sens unique – Biller, Videoen oder Audiodateien