Stan Ockers
Stan Ockers | |
---|---|
Gebuertsnumm | Josephus Constant Ockers |
Gebuer | 3. Februar 1920 |
Gestuerwen |
1. Oktober 1956 Antwerpen |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Vëlossportler |
De Josephus Constant genannt Stan Ockers, gebuer den 3. Februar 1920 zu Borgerhout, engem Distrikt vun Antwerpen a gestuerwen den 1. Oktober 1956 an enger Klinick vun Antwerpen[1], war ee belsche Vëlossportler.
De Stan Ockers deen 1941 Profi gouf konnt sech eréischt an den 1950er Jore richteg profiléieren. Seng bescht Jore waren tëscht 1953 a 1955 mat Succèsen op der Flèche wallonne (1953) an um Week-end ardennais (1955).
1955 gouf hien och an Italien zu Frascati Weltmeeschter op der Strooss, an op der Pist zesumme mam Rik van Steenbergen belsche Champion an der Américaine.
Um Tour de France konnt hie sech zweemol als Zweete placéieren an zwar 1950 hanner dem Ferdi Kübler an 1952 hanner dem Fausto Coppi.
1955 an 1956 war hie beim Tour de beschte Sprinter.
Hien hat knapps 36 Joer wéi hien den 29. September 1956 bei engem Pistefueren zu Antwerpen sou schwéier gefall ass, datt hien zwéin Deeg drop gestuerwen ass.
Palmarès[änneren | Quelltext änneren]
1941[änneren | Quelltext änneren]
- 1. am Scheldeprijs
1946[änneren | Quelltext änneren]
- 1. am Scheldeprijs
1948[änneren | Quelltext änneren]
- 1. am Tour de Belgique
1953[änneren | Quelltext änneren]
- 1. an der Flèche wallonne
1954[änneren | Quelltext änneren]
- 1. an der Schaal Sels Merksem
1955[änneren | Quelltext änneren]
- 1. an der Flèche wallonne
- 1. a Liège-Bastogne-Liège
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Stan Ockers" vum Claude Degauquier