Den Tour de France 2020 ass déi 107. Editioun vum Tour de France am Cyclissem. E war virgesinn, tëscht dem 17. Juni an dem 19. Juli gefuer ze ginn; wéinst der COVID-19-Pandemie gouf d'Course op d'Period tëscht dem 29. August an dem 20. September verréckelt.[4].
De Parcours ass am Ganzen 3.470 Kilometer laang a besteet aus 21 Etappen, dorënner eng am individuelle Contre-la-montre. E fiert iwwer 29 Bierg-Colle vun der 2. Kategorie oder driwwer, an dat an den Alpen, dem Massif central, de Pyrenäen, dem Jura an de Vogesen.