Vanuatu

Vu Wikipedia


Ripablik blong Vanuatu (Republic of Vanuatu, République du Vanuatu)

Fändel vu Vanuatu

Wope vu Vanuatu

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Bislama, Englesch, Franséisch
Haaptstad: Port Vila
Staatsform: Parlamentaresch Republik
Fläch: 12.200 km²
Bevëlkerung: 300.019 (2020)[1]

D'Republik Vanuatu ass en Inselstaat an Ozeanien. Den Archipel, deen aus 83 Insele respektiv Inselgruppe besteet, gouf bis 1980 Nei Hebriden genannt an huet knapps 300.000 Awunner (Stand 2020).

D'Wirtschaft besteet haaptsächlech aus Landwirtschaft, Fëscherei an Tourismus (ongeféier 60.000 Touristen am Joer 2005). Vanuatu huet keng nennenswäert Buedemschätz.

Eng Etude vun der brittescher New Economics Foundation aus dem Joer 2006 huet d'Gléck vun den Awunner op Vanuatu am weltwäite Verglach als dat héchst bewäert. Ënnersicht goufe Facteure wéi Zefriddenheet, Liewenserwaardung an den Ëmgang mat der Ëmwelt.[2]

D'Haaptstad vu Vanuatu ass Port Vila.

De 14. a 15. Mäerz 2015 huet den Zyklon Pam grouss Deeler vum Inselstaat zerstéiert. Eng 24 Leit koumen dobäi ëm d'Liewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vanuatu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 2020 National Population and Housing Census, VNSO. D'Zuel fënnt sech an der Table 1. 2020 National population Census key indicators vum Basic Table Report Volume 1, Version 2. Archivéiert Versioun vun der PDF-Datei vum 26. Mäerz 2024.
  2. „Happiness doesn't cost the Earth“, BBC News, 12. Juli 2006. Archivéiert Versioun vum 6. Mäerz 2007.